Iwwer 7,7 Millioune si bannent der Ukrain den Ament op der Flucht virun de russesche Bombardementer. Och d’OSZE, d’Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa, hat vill vun hire Mataarbechter virun der russescher Invasioun aus der Ukrain evakuéiert. Russland ass selwer Member an der OSZE. Am Donbass ginn awer elo méiglecherweis Mataarbechter vu Separatiste festgehalen.
Zu Kramatorsk, am Donbass, nëmme e puer Kilometer vun der Front stéiert d’Artillerie d’Ouschtermass vun der orthodoxer Por. Nëmmen 3 Leit sinn an d’Kierch komm. Vill sinn aus der Stad evakuéiert oder geflücht.
Kharkiv, 150km méi wäit nordwestlech, ass erëm méi reegelméisseg ënnert russeschem Beschoss – an och op Ouschteren ass der Militäroffensiv keng Paus vergonnt. Fir Russland wier Kharkiv, déi zweetgréisst Stad vun der Ukrain an nëmmen 30km ewech vun der russescher Grenz – eng wichteg a prestigiéis Escale, vun där de ganzen Donbass aus kéint kontrolléiert ginn. Fir de Moment awer lieft e groussen Deel vun der Populatioun zanter Woche schonn an den Tunnele vum Metrosystem vun der Stad.
An enger Metrosstatioun an der Haaptstad Kiev huet den ukrainesche President Volodymyr Zelenskiy eng Pressekonferenz ginn.
Gulliver CRAGG – France24:
Mir wëssen dass hien e Gefill huet fir d’Plaze vu senge Pressekonferenzen, dass et no eppes ausgesäit. De Zelenskiy kënnt aus dem Showbusiness. En huet de visuelle Sënn. Mee ech mengen, mir sinn och hei ënnen, well et sécher ass a well Plaz ass fir jiddereen.
Am Metro huet de President ugekënnegt, dass nach eng Visitt virgesi wier vum US-amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken an dem US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin. Virun allem ëm Waffeliwwerunge aus den USA wäert do Rieds goen. D’Ukrain huet de Courage, d’Moral an den Heemvirdeel, mee si brauche schwéier Artillerie fir de Punkt op den i ze setzen.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres gëtt en Dënschdeg zu Kiew erwaart, wou een et am enkste Krees vum President awer als diplomatesche “Faux pas” verstanen huet, dass dee sech zu Moskau ugemellt huet an eréischt duerno op Kiew kënnt.