28. Dag Ukrain-KrichDe Krich ass an enger ganz statescher Phas ukomm

Petz Bartz
Déi russesch Offensiv huet elo virun allem ronderëm d'Haaptstad Kiew zanter enger Woch net un Terrain kënne gewannen.
"28. Dag Ukrain-Krich"
Déi russesch Offensiv huet elo virun allem ronderëm d’Haaptstad Kiew zanter enger Woch net un Terrain kënne gewannen.

Dogéint bleift awer vill Beweegung um diplomatesche Parquet: Polen huet 45 russesch Diplomaten ausgewisen. Zu Warschau a Polen haten déi intern Sécherheetsagencen an de Konter-Espionage 45 russesch Diplomaten als potentiell russesch Spiounen identifizéiert. Den Ausseministère huet d’Leit doropshin ausgewisen.

Vu Kiew aus der Ukrain dann huet de President Volodymyr Zelenskiy sech iwwer Videoschaltung un d’Volleksvertrieder a Japan an a Frankräich geriicht.

Et ginn 3 wichteg Sommeten des Woch: de G7, NATO an EU. Mir brauche weider Sanktiounen an Hëllef. Mir schaffen. Mir kämpfen sou gutt mer kënnen. Bis un d’Enn.

An um G20 an Indonesien am Hierscht dierft de Vladimir Putin dann och perséinlech erëm dobäi sinn. Kee Land huet d’Recht en anert vum G20 auszeschléissen, sou China an och Indien a Brasilien dierfte Russland am Gremium d’Partie halen. D’Ambassadeurin vum Kreml zu Jakarta empfënnt d’Reaktioun vum Westen als “disproportionéiert”.

Fir de Rubel ze retten, hätt de Vladimir Putin da säi Gas gäre vu Länner, déi him net gutt gesënnt sinn an der russescher Landesdevis bezuelt.

Frankräich eleng huet eegenen Aussoen no bis ewell russesch Oligarcheverméigen an der Héicht vun €800 Milliounen agefruer.

An op enger Pressekonferenz ënnert fräiem Himmel, iwwerdeems Sireene nei Loftattacken ukënnegen, hunn d’Klitschko-Bridder matgedeelt, dass den ukrainesche Militär, dee mat der Verdeedegung vun der Haaptstad befaasst ass, souguer mat der Kontroll iwwert déi Virstied vu Kiew, Makariv an Irpin, Terrain konnt gutt maachen.

Mariupol um Azov-Mier ass mëttlerweil iwwer 90% zerstéiert. Nach ëmmer sinn eppes iwwer 100.000 Awunner, déi an der Stad aushalen – Honger leiden an de Kellere vun Haiser, déi a Flame stinn.

© RTL

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO