GroussbritannienDe Krichsveteran a Corona-Held Tom Moore ass u Covid-19 gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Ugangs war hien nach Doheem behandelt ginn, dono war hien awer un Ënnerstëtzung beim Ootmen ugewisen.
© JUSTIN TALLIS / AFP

De Krichsveteran a Corona-Held Tom Moore gouf jo no enger Longenentzündung positiv op de Virus getest an huet missen an d’Klinik ageliwwert ginn. En Dënschdeg ass hien u Covid-19 gestuerwen.

© Chris Jackson / POOL / AFP

Iwwert e Fundraiser hat den 100 Joer alen Tom Moore jo ronn 38,9 Millioune Pond fir d’NHS a Groussbritannien gesammelt. Dofir gouf hie vun der Queen zum Ritter geschloen.

Back to Top
CIM LOGO