Ganzer 86 ZentimeterDe Mount Everest ass liicht méi héich, wéi offiziell festgeluecht

RTL Lëtzebuerg
Den héchste Bierg op der Welt ass elo nach e Stéckelche gewuess, dat op alle Fall um Pabeier.
© AFP/Archiv/Prakash MATHEMA

No joerzéngtelaangen Debatten hu sech den Nepal a China drop gëeenegt, dass de Bierg genee 8.848,86 Meter héich ass. Dat si 86 Zentimeter méi wéi déi bis ewell unerkannten Héicht. Der chineesescher Miessung no sinn et souguer 4 Meter méi.

Offiziell war de Mount Everest enger indescher Miessung aus dem Joer 1954 no genee 8.848 Meter héich. Dono gouf ëmmer nees nei gemooss an all Kéiers ass en anert Resultat erauskomm. China zum Beispill huet souguer just bis bei d’Basis vum Fiels gemooss, an net wéi elo, bis bei d’Schnéi- an Äisschicht.

Virun e puer Joer dunn huet den Nepal decidéiert, de Bierg ze moossen, nodeems et geheescht huet, d’Héicht hätt sech nom schwéieren Äerdbiewen am Joer 2015 geännert.

Back to Top
CIM LOGO