Et ass eng Noriicht, mat där een huet misste rechnen, nodeems de Poopst Franziskus e Mëttwoch um Enn vu senger General-Audienz annoncéiert hat, datt säi Virgänger “vill krank” wier an datt ee sollt fir hie bieden.
De gebiertegen Bayer ass e Samschdeg am Alter vu 95 Joer am Vatikan gestuerwen, ewéi de Vatikan matgedeelt huet. “Mat Péng muss ech matdeelen, datt de Benoît XVI, Poopst Emeritus, haut ëm 9:34 Auer am Klouschter Mater Ecclesiae am Vatikan verstuerwen ass”, esou de Spiecher Matteo Bruni.
Als Poopst Benoît XVI stoung de Joseph Ratzinger knapp 8 Joer un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch.
De Vatikan huet e Samschdeg an der Mëttesstonn matgedeelt, dass en Donneschden en Trauergottesdéngscht fir denverstuerwene Poopst gefeiert gëtt, an zwar op der Péitersplaz zu Roum. D’Mass mam Poopst Franziskus soll um 9.30 Auer ufänken.
D’Buch wäert an der Apostoulescher Nuntiatur , der diplomatescher Vertriedung vum Hellege Stull an Däitschland, am Berliner Deel Neukölln ausgeluecht ginn. Dat huet déi Kathoulesch Däitsch Bëschofskonferenz e Samschdeg den Owend matgedeelt.
Bis e Mëttwoch inclus ass d’Kondolenzbuch vun 10 bis 17 Auer zougänglech.
Weider Kondolenzbicher sollen nach am Limburger Doum an am Sëtz vun der Däitscher Bëschofskonferenz zu Bonn ausgeluecht ginn.
De Kardinol an Äerzbëschof Jean Claude Hollerich huet nom Doud vum fréiere Poopst all d’Kierchen am Land dozou opgeruff, ëm 12 Auer d’Klacken ze lauden. Doriwwer eraus soll zu Lëtzebuerg an den nächste Sonndesmassen dem Poopst Benoît XVI mat engem spezielle Gebiet geduecht ginn:
“Papp am Himmel, kuck an Denger Guttheet op Däi verstuerwenen Dénger Benedikt. Hien hat als Devis gewielt „Mataarbechter vun der Wourecht“. Looss hien elo Dee begéinen deen de Wee, d’Wourecht an d’Liewen ass, an am Hellege Geescht fir ëmmer bei Dir sinn, dorëms biede mir Dech, duerch Christus eisen Här. Amen.”
De Kardinol Jean-Claude Hollerich sot RTL géintiwwer hie wär frou, dass de Poopst net laang huet misse krank sinn. Hie wär iwwerdeems extrem dankbar fir alles dat, wat de Poopst Benoît fir d’Kierch gemaach hätt.

De Benedikt de 16. hätt virop de Rapport tëscht Glawen a Vernonft gestäerkt. Dat eent kéint ouni dat anert nämlech net existéieren, esou de Kardinol Hollerich.
D’Kierch wäert an den nächste Jore méi kleng ginn. Dat géif d’Gefor mat sech bréngen, dass ee wéi eng Sekt gëtt, sech radikaliséiert an en Deel vun der Vernonft opgëtt.
Nom Enseignement vum Poopst Benoît kéint een dat u sech net méi maachen, esou de Jean-Claude Hollerich.
Markéiert war d’Zäit vum Benoît dem 16ten awer och duerch de Mëssbrauchsskandal an der kathoulescher Kierch, vun deem eng ganz Rei Länner betraff waren. Dausende Katholicke sinn doduerch aus der Kierch ausgetrueden.
Nach ugangs dës Joers krut de Josef Ratzinger an engem Rapport reprochéiert, wärend senger Zäit als Äerzbëschof vu München a Freising de Mëssbrauch u Mannerjärege vertuscht ze hunn.
Dem Kardinol Hollerich géing dat wéi doen. Hien hätt selwer Affer vu Mëssbrauch getraff a vun hirem Leed erfueren. Vläicht hätt een dat zu der Zäit nach net esou richteg gewosst, gëtt de Kardinol ze bedenken.
Positiv wär awer, dass de Josef Ratzinger dunn als Poopst ugefaangen hätt mam Biesen aus Eisen duerch d’Kierch ze goen an ze botzen. Hien hätt mat deene Mesuren ugefaangen, déi den aktuelle Poopst François weidergefouert huet. De Poopst Benoît wäert dem Jean-Claude Hollerich senger Meenung no an der Geschicht als Opklärer agoen, an net als een dee verhënnert huet.
Vum 2. Januar un wäert de Benedikt de 16. am Péitersdoum zu Roum opgeboort ginn.
Eréischt am Laf vum Samschdeg soll matgedeelt ginn, wéi d’Begriefnis soll iwwer d’Bün goen. Et ass ëmmerhi rar, dass en Poopst stierft, deen emeritéiert war. An der Vergaangenheet war et Usus, datt e Poopst esoulaang op sengem Poste bleift bis e stierft.
Et war am spéiden Nomëtteg vum 19. Abrëll 2005, wéi wäissen Damp aus dem Kamäin vun der sixtinescher Kapell koum. Minutten an deenen d’ganz Welt gewuer gouf, datt fest steet, wien Successeur vum Jean-Paul II géif ginn, deen ugangs dës Mounts gestuerwe war.
Den 265. Successeur vum hellege Péitruss huet den Numm Benoît XVI ugeholl a seng éischt Wierder waren net just op der Péitersplaz, mä quasi op all Tëleeschaîne ronderëm d’Welt ze héieren.
D’Freed bei de Katholicken op der ganzer Welt war grouss, besonnesch an Däitschland. Fir d’éischte Kéier no 482 Joer sollt erëm en Däitschen un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch stoen. “Wir sind Papst” huet d’Bild Zeitung den Dag drop houfreg getitelt.

Katholicken, déi gehofft haten, den neie Poopst géif d’Roll vun der Fra an der Kierch oder d’Sexualmoral iwwerdenken, goufen enttäuscht.
Wichteg war fir de Benoît XVI den Dialog mat anere Glawensrichtungen. Fir Roserei bei de Judden hat hien awer gesuergt, wéi hien d’Exkommunikatioun vu 4 Bëscheef annuléiert huet, ënnert hinnen de Richard Williamson, deen den Holocaust geleegent huet.
Wat awer wärend dem Pontifikat vum Benoît XVI d’Leit am meeschten entsat huet, war de Mëssbrauchsskandal an der kathoulescher Kierch, vun deem eng ganz Rei Länner betraff waren. Dausende Katholicken sinn doduerch aus der Kierch ausgetrueden.
Nach ugangs dës Joers krut de Josef Ratzinger an engem Rapport reprochéiert, wärend senger Zäit als Äerzbëschof vu München a Freising de Mëssbrauch u Mannerjärege vertuscht ze hunn.
Den 11. Februar 2013 hat de Poopst Benoît XVI am Alter vu 85 Joer annoncéiert, Enn dës Mounts aus gesondheetleche Grënn zeréckzetrieden. Eng historesch Decisioun: Et war déi éischte Kéier zënter 1294, datt e Poopst viru sengem Dout demissionéiert huet.
Zënter dem Enn vu sengem Pontifikat huet den emeritéierte Poopst an engem Klouschter am Vatikan gelieft, wou en also elo am Alter vu 95 Joer gestuerwen ass.