Mat enger Mass op der Péitersplaz zu RoumDe Poopst Leo XIV. gouf offiziell a säin Amt agefouert

RTL Lëtzebuerg
Mat enger feierlecher Mass op der Péitersplaz gouf den neie Poopst Leo XIV. e Sonndegmoien offiziell a säin Amt agefouert.
© ALBERTO PIZZOLI/AFP

A senger Ried huet hien zu der Eenheet vun der kathoulescher Kierch opgeruff. Iwwerdeems kritiséiert hien een ekonomesche Modell, deen d’Ressourcen vun der Welt ausbeut an déi Äermsten un de Rand vun der Gesellschaft drängt.

Hie war den 8. Mee vum Konklav als Successeur vum verstuerwene Poopst Franziskus gewielt ginn. Bei der Mass derbäi ware Staatsgäscht aus aller Welt, dorënner den US-Vizepresident JD Vance, den ukrainesche Staatschef Wolodymyr Selenskyj an den däitsche Kanzler Friedrich Merz.

Lëtzebuerg war duerch de Premier Luc Frieden an déi groussherzoglech Koppel vertrueden.

© ALBERTO PIZZOLI/AFP

Back to Top
CIM LOGO