
De Rhäin kéint wéinst dem aktuell nidderege Waasserpeegel geschwënn net méi duerchgängeg befuerbar sinn. Wéi de Gerant vum däitsche Verband fir Banneschëfffaart Jens Schwanen e Méindeg géigeniwwer der "Rheinischen Post" sot, géing fir dës Woch um Peegel Kaub tëscht Koblenz a Mainz nëmmen nach en eestellege Wäert prognostizéiert. De Peegel Kaub ass e wichtegen Indicateur fir de Rhäin. Sollt dësen op en eestellege Wäert falen, wier de Floss am Prinzip an zwee Deeler gespléckt.
Wéi de Schwanen erkläert huet, géifen d'Schëffer deen Ament nach tëscht de groussen holläneschen Häfen Amsterdam, Rotterdam an Antwerpen an dem däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen fueren, dat bis ongeféier bei Köln. Hiren Trajet géif iwwert de Rhäin an dat westdäitscht Kanal-Gebitt goen. Méi wäit südlech géif de Schëffsverkéier iwwert d'Nieweflëss Neckar, Musel a Main an iwwert de Main-Donau-Kanal méiglech bleiwen.
Sollt de Stand vum Waasser awer esou niddereg gi wéi erwaart, wäert awer um Deel vum Mëttel-Rhäin ëm Kaub a Rheinland-Pfalz keng Schëfffaart méi méiglech sinn, weder fir de Wuerentransport, nach fir den Tourismus. E Méindegmoie louch de Peegel Kaub scho bei historesch nidderege 17 Zentimeter. De bis ewell nidderegste Peegel gouf mat 25 Zentimeter 2018 gemooss.
Op de groussen däitsche Flëss gëtt wéinst der Dréchent op ville Plazen Niddregwaasser gemellt. Dat stellt d'Schëfffaart viru Probleemer, well d'Schëffer däitlech manner Wuere kënne lueden, wat sech iwwert eng Hausse vun den Transportkäschte virun allem op d'Industrie auswierkt. Eng Partie däitsch Bundeslänner hu schonn de Camionsverbuet op Sonndeger a Feierdeeg ausgesat, fir esou eng Verlagerung vum Wuerentransport op d'Strooss ze erliichteren.