
E Méindeg si Riede virgesi vum UNO-Generalsektretär Antonio Gutteres a vum chinesesche President Xi Jinping. Bis e Freideg sinn eng ganz Rei Konferenzen zu verschiddenen Theme programméiert. Dat sinn zum Beispill d’Relance vun der Ekonomie, d’Gestioun vun der weltwäiter Impfcampagne, mä awer och gréng Ekonomie.
Aktuell suergt de World Economic Forum vun Davos fir Polemik a Konspiratiounstheorien. Op Impuls vu sengem Grënner Klaus Schwab a vum Prënz Charles soll een „Neiufank“ fir d’Welt-Ekonomie ugeduecht ginn: de sougenannte „great Reset“. Hei lafen Iwwerleeunge fir eng Reform vum kapitalistesche System, fir no der Corona-Kris d’Klima-Kris probéieren an de Grëff ze kréien an d’Ongläichheeten ze reduzéieren. Konspirationiste mengen déi Mächteg – d’Elitten - wéilten de Leit hire Besëtz ewechhuelen, se iwwerwaachen, souguer déi global Populatioun reduzéieren.
Observateuren no handelt et sech beim Weltwirtschaftsforum awer just em e „Club“, an deem wirtschaftlech Interessie verdeedegt ginn, ouni awer, datt deen e reelle Pouvoir hätt, dee Konspirationiste kéint bestätegen.