
Wéi ënnerschiddlech ass d’Situatioun am Weste vum Land géigeniwwer der Nord/Ost-Küst. Wéi ënnerscheet sech déi republikanesch vun der demokratescher Wielerschaft?
D’Annick Goerens ass fir eis am Weste vun den USA ënnerwee a sammelt eng sëllegen Erfarungen am sougenannte “Land of the Free”.
Dës Weideren huet d’Annick Goerens awer och Lëtzebuerger getraff, déi an den USA liewen, a si gefrot, wéi si sech op d’Wale preparéieren respektiv op wéi ee Resultat si hoffen.
De Petz Bartz ass fir eis mam Kameramann Jean-Baptiste Verwaerde a verschiddene Swing States am Norde vun den USA ënnerwee, ënnert anerem a Wisconsin, Michigan a Pennsylvania. Aus Florida mellt sech d’Anne Wolff a reegelméisseg schwätze mir och mat eisen US-Korrespondente Philip Crowther (Tëlee) a George Zens (Radio).
Nach bis den Dag vun de Wale wäerten eis Journaliste wichteg Informatiounen a flott Contenuen aus den USA schécken.