
An senger Video-Usprooch e Mëttwoch den Owend huet den ukrainesche President Selenskyj vun ronn 100.000 russeschen Zaldoten geschwat, déi zanter dem Ufank vun der Invasioun, ëm d’Liewe komm wieren. En huet d’Fro opgeworf, wisou dës Leit hiert d’Liewe gelooss hunn an behaapt, datt zu Moskau keen eng Äntwert dorop hätt. Déi russesch Responsabel géifen Mënscheliewen verschwenden – d’Liewen vun anere Mënschen, net dat vun hirer Famill, net hiert eegent Liewen, mee dat vun aneren huet de Selenskyj ënnerstrach. Genee Donnéeën wéi vill russesch, mee och ukrainesch Zaldoten, tatsächlech zanter dem Ufank vun der Invasioun ëm d’Liewe komm sinn, maache béid Säiten aus Sécherheetsgrënn net.
D’Vereenten Natiounen hunn iwwerdeems an de leschte bal 10 Méint iwwer 700 militäresch Attacken op Gesondheetsariichtungen an der Ukrain registréiert. Dobäi wieren genee sou vill Personal wéi och Patienten blesséiert oder ëmbruecht ginn.
Zu New York huet den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres vun e Méindeg op en Dënschdeg en decisiven Asaz fir den Enn vum Krich gefuerdert. Entspriechend Gespréicher wieren allerdéngs momentan net an Aussiicht. Hien géif engersäits domat rechnen, datt de Krich nach dauere wäert, et misst awer alles Méigleches gemaach ginn, datt e sou séier wéi méiglech am Joer 2023 gestoppt gëtt.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj war iwwerdeems en Dënschdeg op Visitt an der staark ëmkämpfter Stad Bachmut am Oste vun der Ukrain. Hien huet hei mat Vertrieder vun der Arméi geschwat an Zaldote geéiert. Russesch Truppe probéieren zanter dem Summer d’Kontroll iwwer d’Stad ze kréien, wat hinne bis ewell awer net komplett gelongen ass.