
An der Belsch däerfen Entreprisen nees opmaachen, déi aner Firmen als Client hunn, awer keng Privatleit. An et fueren erëm méi Busser an Zich.
An Italien däerfen d’Leit nees eraus fir trëppelen ze goen oder Sport ze maachen. Industrie a Bausecteur gi relancéiert.
Déi meescht Geschäfter an den Horesca-Beräich missen awer zou bleiwen.
An Éisträich si vun dësem Méindeg u limitéiert Visitten an Alters- a Fleegeheemer méiglech. An och do fänken d’Ofschlossklassen nees un.
Dat just e puer Beispiller vum Deconfinement an anere Länner.
A Frankräich muss ee sech dogéint nach gedëllegen. Fréistens nächste Méindeg sollen d’Geschäfter dann och do nees kënnen opgoen. Ma, Restauranten oder Caféen an och d’Plagen bleiwen zou.
Weltwäit gouf et entretemps méi wéi 3,5 Milliounen Infektiounen. En Drëttel dovunner eleng an den USA. Am ganze si knapp 250'000 Leit un de Suitte vun der Longekrankheet Covid19 gestuerwen.
An der europäescher Unioun sinn d’Neinfektiounen an der Lescht zeréck gaangen. Par Konter huet de Virus sech an de leschten Deeg zum Beispill a Russland massiv verbreet. Eleng e Sonndeg goufen et méi wéi 10'000 nei Fäll.
