
Wochelaang huet d’Organisatioun Deutsches Tierschutzbüro e.V. mat verstoppter Kamera an engem Schwéngsbetrib am däitsche Rees an Nordrhein-Westfalen gefilmt. Dës Opname weise Schwäin, déi an der Anlag zesummegepercht ginn. D’Haltung ass op engem Buedem mat Spalten, en Auslaf gëtt et net.
Wat engem ze bedenke gëtt, et ass net fir d’éischt.
Mat dëser Kéier huet en Team, dat an där Affär recherchéiert, scho sechs Mol am Betrib mat ronn 1.000 Déieren d’Zoustänn dokumentéiert. Ëmmer nees déi selwecht grausam Biller: krank a blesséiert Schwäin. Vereenzelt Déieren hu Schwiere sou grouss wéi Handflächen, anerer Nuebelbréch, e puer Schwäin hunn ongewéinlech geschwolle Bäich an hätte wuel Parasitten. Eng Behandlung duerch e Veterinär, déi Fro stellt sech wuel net. Och e gesetzlech virgeschriwwenen eenzele Stall gëtt et net fir déi krank Béischten.
“Mat aartgerecht an ‘Tierwohl’ huet dat sécher näischt méi ze dinn”, sou de Jan Peifer, Chef vum Deutsches Tierschutzbüro e.V. De Label “Tierwohl” gëtt jo vun Tönnies an anere Supermarchéë benotzt, fir op eng aartgerecht Haltung a Schluechtbetriber hinzeweisen.
Krank a blesséiert Déiere ginn zwar getrennt, allerdéngs gi se just getrennt am Couloir gehalen an d’Schwäin hunn do keen Zougang zu Fudder a Waasser. Dat heescht si musse qualvoll erhéngeren an erdiischteren. Op de Biller vun der verstoppter Kamera gesäit een dann och effektiv, dass de Bauer einfach laanscht dës Déiere geet.
“Wéi skrupellos muss ee sinn, wann een den Déieren nach net emol Waasser a Fudder gëtt an hinnen dann nach beim Stierwen nokuckt?”, seet de Peifer, dee betount, dass dëst géint d’Gesetz ass an dem Bauer dat u sech misst kloer sinn. Hie wier Member am “Rheinischen Erzeugerring für Mastschweine e.V.” mat Sëtz zu Sonsbeck. Déi verstoppte Kamerae filmen dann och wéi de Bauer déi verstuerwe Schwäin oftransportéiert. “Se gi wéi Offall entsuergt”, sou nach de Chef vum Deutsches Tierschutzbüro e.V.
Dass de Bauer schonn an der Vergaangenheet negativ opgefall ass, weisen d’Dokumenter, déi dem Deutsches Tierschutzbüro e.V. virleien. Déi weisen, dass am Zäitraum Mäerz 2021 bis Dezember 2021 op d’mannst a 14 Fäll Fleesch vu geschluechte Schwäin net fir de mënschleche Konsum zougelooss goufen. D’Veterinäramt Gütersloh am Tönnis-Schluechtbetrib Rheda-Wiedenbrück hat d’Weiderverschaffe gestoppt, well et Opfällegkeete gouf: Keimen am Blutt (Bluttvergëftung); Eeter, dee gestreet huet, Bauchfellentzündung, Gelenkentzündung oder Verännerunge vun de Lymphdrüsen.
Ësst een esou Fleesch, kann dat bei Déieren a bei Mënschen zu engem gesondheetleche Risiko féieren.
All dës Mëssstänn si wéi gesot net nei. “Et ass schonn déi sechste Kéier an de leschte Joren an et wäert sécher och net déi leschte Kéier sinn, dass de System vun Tönnies net funktionéiert, eben duerch Massendéierhaltung an Ausbeutung vun Déieren a Mënschen”, betount de Jan Peifer. Eréischt viru Kuerzem gouf e fréieren Tönnies-Fournisseur vum Amtsgeriicht Pappenburg wéinst Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz zu enger Geldstrof vun 8.500 Euro verurteelt. Am November 2022 gouf et Strofe géint aner Schwéngsbetriber. An engem Fall huet de Bauer misse 5.600 Euro bezuelen.
Et ass also keen Eenzelfall méi an zanter Jore beméie sech och aner Déiereschutzorganisatiounen esou Fäll opzedecken. An deem Kader gëtt dann och op en Dateprojet www.tierschutz-skandale.de higewisen, wou ee sech ukucke kann, wou an a wéi enge Betriber et zu Fäll vun Déierequälerei koum.