
De Poopst gesäit och de belsche Kinnek. An dat huet an eisem Nopeschland d’Diskussioun iwwer d’Neutralitéit an der Relatiounen tëscht Staat a Reliounen opgeworf.
An deem Kontext sot den Tommy Scholtes, Porte-Parole vun de belsche Bëscheef, op der Informatiounschaîne LN24, de Poopst wier net a senger Funktioun als Chef vun der kathoulescher Kierch, ma als Staatschef op Visitt an der Belsch. Hie géif dobäi awer déi chrëschtlech Wäerter vu Solidaritéit an Dialog uspriechen.
Op ausdrécklechem Wonsch vum Poopst gesäit hien och eng Delegatioun vun Affer vu sexueller Gewalt a kierchlechen Institutiounen. Et géif ee ganz kraaftvolle Moment voller Emotioune ginn, dat esouwuel fir d’Affer, wéi och fir de Poopst François. “Et ass ee Moment vun der Wourecht, dee ganz vill wéi deet”, esou den Tommy Scholtes nach am Interview mat LN24.
De Poopst François huet bei deem Thema de virprogramméierten Text vun der geschriwwener offizieller Ried verlooss an am Numm vun der Kierch ee ganz klore " Mea culpa” formuléiert.
“C’est aujourd’hui dans l’église même que se produit ce crime,….l’église doit avoir honte, et demander pardon, et tenter de résoudre cette situation. Avec humilité chrétienne, et mettre tout en œuvre pour que cela n’arrive plus.”
De Poopst bleift bis e Sonnden an der Belsch mat als Héichpunkt e Sonndeg de Moien enger Eucharistie am Stade “Roi Baudouin” zu Bréissel.