
Op deem Dag soll den Joe Biden jo als neie President vun den USA vereedegt ginn. D’Presidentin vum Representantenhaus Nancy Pelosi an aner Demokrate betounen, datt all Dag, deen den Trump nach am wäissen Haus wier, eng Gefor duerstelle géif.
An nom Virfall e Mëttwoch zu Washington goufe weider Persoune festgeholl. Wëll vill vun den Trump-Supporter hiert Virgoen am Kapitol gefilmt an op soziale Medien gedeelt hunn, konnten e puer Dosende Mënsche séier identifizéiert a festgeholl ginn. Am Auto vun engem vun den Demonstrante goufen 18 Molotow-Cocktails an e puer Waffe fonnt. En Indice dofir, wat nach alles hätt kënne geschéien. Déi Schëlleg mussen mat zum Deel heftege Strofe rechnen. Nom Doud vun engem Polizist gëtt ënnert anerem wéinst Mord ermëttelt.
