Hong KongDemonstranten hate probéiert, Parlament ze stiermen

RTL Lëtzebuerg
Trotz Verbuet sinn zu Hongkong op en neits dausende Leit bei Protester ënnerwee. Verschidden Demonstranten hu probéiert, d'Parlament ze stiermen.
Hong Kong: Demonstrante wollte Parlament stiermen
Trotz Verbuet sinn zu Hongkong op en neits dausende Leit bei Protester ënnerwee. Verschidden Demonstranten hu probéiert, d’Parlament ze stiermen.

Grond fir de Verbuet vun enger geplangter Demonstratioun waren den Autoritéiten no Sécherheetsgrënn.

D’Protestbeweegung ass allerdéngs relativ kreativ mat dem Verbuet ëmgaangen. D’Mënschen hu sech getraff fir ze bieden oder akafen ze goen an hunn Kräizer gedroe an Halleluja gesongen. D’Police huet erkläert, esou Virwänn géifen am Zweiwelsfall net gëlle gelooss ginn. Allerdéngs wéilt ee sech bei friddlechen Aktiounen bis op Weideres zréck halen.

Et ass net friddlech bliwwen

Géint Mëtteg koum d’Meldung, dass verschidden Demonstrante probéiert hätten, d’Parlament ze stiermen. Si hu Barrikaden duerchbrach, mat Steng op d’Poliziste geschoss a probéiert se mat Laserpointeren ze blenden.

Et gouf du vu Säite vun der Police Tréinegas a Waasserkanounen agesat, fir d’Demonstranten zeréck ze drängen an ënner Kontroll ze halen. D’Waasser wat benotzt gouf, ass blo gefierft. Dat ass wuel geduecht, fir d’Leit duerno besser identifizéieren ze kënnen.

D’Demonstranten hate sech doropshin zeréckgezunn, ma et kann een dovunner ausgoen, dass et net de leschte Versuch war vun hinnen. D’Police weist massiv Präsenz, an et ass net ausgeschloss, dass vill vun den Demonstrante verhaft wäerte ginn. Ronn 900 Leit goufen zanter dem Ufank vun de Protester festgeholl.

D’Tensiounen tëscht der Police an de regierungskriteschen Demonstranten hate sech e Freideg verschäerft. Eng ganz Partie Aktivisten an zwee pro-demokratesch Deputéiert goufen bis op Weideres festgeholl. Déi goufen an tëscht nees op Kautioun fräigelooss. Chinesesch Medien hu virun engem Militärasaz gewarnt.

Back to Top
CIM LOGO