Vereenten NatiounenDen Ament sinn op der Welt 110 Millioune Mënschen op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
Dat confirméiert d'UNO-Flüchtlingswierk UNHCR e Mëttwoch de Moien an engem neie Rapport.

110 Millioune Leit hätten hir Heemecht musse verloossen, duerch politesch Krisen, arméiert Konflikter, oder Natur-Ëmstänn. Dat waren 19 Millioune Leit méi wéi nach d’Joer virdrun.

D’Ukrain, den Afghanistan oder de Sudan wiere just 3 Beispiller, wou d’Leit virun allem emol am eegene Land probéiert hunn, sech a Sécherheet ze brénge viru Kricher.

Den UNO-Kommissär Filippo Grandi nennt den neie Rekord en Aarmutszeugnis fir eis Welt. Et géif ëmmer méi Krise ginn, awer kaum Léisungen.

Déi geplangten europäesch Asyl-Reform gëtt vun der UNO iwwerdeems gelueft. Leit, déi aus engem Land an d’EU wëllen, dat als sécher agestuuft ass, sollen op der Baussegrenz jo an eng Opfaangstruktur kommen, wou dann iwwert hir Demande tranchéiert gëtt.

Net alles wier ideal, mä ëmmerhi gouf sech elo emol op eppes verstännegt, heescht et vu Genève, wou erënnert gëtt: Asyl froen ass keng Strofdot, mä en UNO-Recht.

Back to Top
CIM LOGO