D'Decisioun am Wisconsin ass gefallDen Donald Trump gëtt den nächsten US-President

RTL Lëtzebuerg
Et hat sech fréi ugekënnegt, elo ass et kloer: d'Republikaner, an domadder den Donald Trump, wannen d'Walen an den USA.
Den Donald Trump gëtt den nächsten US-President
Et hat sech fréi ugekënnegt, elo ass et kloer: d’Republikaner, an domadder den Donald Trump, wannen d’Walen an den USA.

Mat der Victoire a Wisconsin steet et elo kloer fest: Den 78 Joer alen Donald Trump kënnt op déi néideg 270 Walmänner a gëtt domadder offiziell fir déi zweete Kéier US-President.

Virdru waren et virun allem d’Swing States Pennsylvania, Georgia an North Carolina, déi un den Trump gaange sinn an domadder den Demokraten a senger Géigekandidatin Kamala Harris keng Chance gelooss hunn, dës Walen nach ze gewannen.

A senger Gewënner-Ried huet den Donald Trump vun engem “gëllenen Zäitalter” fir d’USA geschwat an nees säi Slogan “Make America Great Again” widderholl. Hie schwätzt vun engem historeschen Dag. Et hätt ee “Geschicht geschriwwen”. D’Republikaner hätten eng “historesch Victoire” erlieft, “wéi et se am Land nach ni gi wier”. Dem Donald Trump säin zukünftege Vize-President JD Vance schwätzt “vum gréisste Comeback an der Geschicht”.

Eng ganz Rei international Leaderen hu schonn op dem Trump seng Victoire reagéiert an dem zukünftegen US-President gratuléiert. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet sech e Mëttwoch de Moien net iwwerrascht iwwer d’Resultat an den USA gewisen.

Och Deeler vum Senat a vum Representantenhaus goufen en Dënschdeg nei gewielt, och an dësen zwou Walen hunn d’Republikaner d’Nues vir. Nach ass net alles ausgezielt, mee am Senat hunn dem Donald Trump seng Republikaner eng Majoritéit vun 51 vun den 100 Sëtz. Am Representantenhaus ass eng Majoritéit vun 218 oder méi néideg. Och do stinn d’Republikaner Stand 12 Auer mat 201 Sëtz zu 177 demokratesche Sëtz besser do.

Back to Top
CIM LOGO