USADen Donald Trump krut och am Appell Onrecht

RTL Lëtzebuerg
Et bleift dobäi, datt den zukünftegen US-President eng Geldstrof vu 5 Milliounen Dollar muss bezuelen.
© AFP

Dat well hien am Joer 1996 eng Schrëftstellerin an engem Buttek zu New York sexuell mëssbraucht soll hunn. Dono huet den Trump d’Fra diffaméiert, sou dat zoustännegt Geriicht. Dat zivilt Urteel gouf elo vun engem “Federal court” confirméiert. Penal gesi sinn d’Faiten scho verjäert.

D’Schrëftstellerin E. Jean Carroll hat dem Trump Vergewaltegung reprochéiert. Déi gouf vun der Justiz awer net zeréck behalen.

Back to Top
CIM LOGO