Geriichtsprozess wéinst BedruchDen Donald Trump plädéiert op onschëlleg

RTL Lëtzebuerg
De fréieren US-President wäert sech vum 6. September u virun engem Geriicht am amerikanesche Bundesstaat Georgia veräntwerte mussen.
© TAKAYUKI FUCHIGAMI Yomiuri The Yomiuri Shimbun via AFP

Hie kritt reprochéiert, an 13 Fäll probéiert ze hunn, d’Walresultater bei de Presidentiellen am Joer 2020 am Bundesstaat Georgia versicht, manipuléiert ze hunn. Zesumme mam Donald Trump sinn nach 18 aner Persounen ugeklot, dorënner ënner anerem dem Trump säi fréieren Affekot a fréiere Buergermeeschter vun New York Rudy Guliani.

En Donneschdeg huet den Donald Trump an dëser Affär drop plädéiert, onschëlleg ze sinn. Hien huet dat op schrëftlechem Wee gemaach an domadder op säi Recht, sech an enger Unhéierung zu de Virwërf ze positionéieren, verzicht.

Den Trump hat sech jo rezent am Zesummenhang mat dëse Reproche kuerzzäiteg zu Atlanta festhuele gelooss.

Et ass net deen eenzege Prozess, an deem den Donald Trump sech wäert veräntwerte mussen. Am Mäerz d’nächst Joer geet et jo virun engem Geriicht an der amerikanescher Haaptstad Washiongton DC ëm seng Roll beim Stuerm op de Kapitol am Januar 2021.

Back to Top
CIM LOGO