
Den Trump fuerdert méi Direkt-Hëllefen fir déi Leit , déi ganz haart vun der Pandemie getraff goufen. Am Pak si 600 Dollar Direkthëllef virgesinn. Lächerlech, seet den Trump a fuerdert 2.000 Dollar.
De Refus vum President fir den Hëllefs-Pak ofzeseenen kënnt ganz iwwerraschend. No méintelaange Verhandlunge ware sech Republikaner an Demokraten eréischt vir kuerzem eens ginn iwwert de Pak.
Wann den Trump säin Veto aleet, brauch de Kongress eng zwou Drëttel Majoritéit fir hien ze iwwerstëmmen.