Xavier Bettel schwätzt vun engem HonDen Ukrain-Krich gëtt net an der Ofschlosserklärung vum EU-Celac-Sommet ernimmt

RTL Lëtzebuerg
De sougenannten EU-Celac-Sommet tëscht der EU, de latäinamerikaneschen an de karibesche Staaten ass no zwee Deeg op en Enn gaangen.
© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN AFP

Dat mat enger Ofschlosserklärung, an där den Ukrain-Krich net ernimmt gëtt. Nicaragua hat nämlech blockéiert, dass de Krich am Ofschlossdokument erwäänt gëtt.

Et wier laang probéiert ginn, eng Formulatioun ze fannen, déi vun all Land matgedroe gëtt, huet de franséische President Macron en Dënschdeg den Owend erkläert. Nicaragua, Kuba a Venezuela hätten awer refuséiert, d’Attack vu Russland op den Nopeschstaat ze verurteelen. Kuba a Venezuela hätten dono awer eng ganz virsiichteger Versioun zougestëmmt. Den nicaraguanesche Staatschef Ortega hätt sech allerdéngs net iwwerzeege gelooss.

De Premier Xavier Bettel sot géigeniwwer dem Deutschlandfunk, et wier eng Schan, dass een net am Stand war ze soen, dass et eng russesch Aggressioun an der Ukrain géif ginn. Dat wier numol eng Tatsaach an hie wier net do fir elo d’Geschicht anescht ze schreiwen, sou de Staatsminister.

Aner Politiker, wéi de Bundeskanzler Scholz, gesinn de Sommet trotzdeem als Erfolleg, well kloer gi wier, dass Russland international extrem isoléiert wier, an et wiere jo och aner Sujete beschwat ginn. Notamment wier et bei der Lutte géint de Klimawandel zu Accorde komm.

Back to Top
CIM LOGO