Krich an der UkrainD'Entwécklungen aus deene leschte Stonnen zesummegefaasst

RTL Lëtzebuerg
Et geet an den zéngten Dag vum Krich an der Ukrain. Vertrieder vu Russland an der Ukrain bereede sech op eng drëtt Gespréichsronn dëse Weekend vir.

Den Hafe vun der Stad Mariupol um Asowschen Mier steet den Ament ënnert enger russescher Blockad, esou de Buergermeeschter Wadym Boitschenko. Et géing een no Weeër sichen, dës Blockad ze léise fir humanitär Problemer unzegoen. “Eis Prioritéit ass ee Waffestëllstand, fir datt mir liewenswichteg Infrastrukturen nees kënnen hierstellen an een humanitäre Korridor ariicht kënnen, fir Liewensmëttel a Medikamenter an d’Stad ze bréngen”, esou de Buergermeeschter um Messenger-Service Telegram.

Wéi de russesche Verdeedegungsministère e Samschdeg de Moie matdeelt, ass antëscht eng Wafferou fir d’Hafestad Mariupol an d’Stad Wolnowacha am Oste vun der Ukrain ausgehandelt ginn, esou datt Zivilisten d’Stied verloosse kënnen. Vun 8 Auer eiser Zäit u soll d’Wafferou fir fënnef Stonne gëllen. Iwwerdeems probéiert déi russesch Arméi weider, d’Stied Kiew a Charkiw ze ëmzéngelen, esou déi ukrainesch Arméi.

Den Hafe vu Mariupol.
Den Hafe vu Mariupol.
© AFP/Aleksey Filippov

Live-Usprooch vum Selenskyj

E Freideg den Owend den ukrainesche President Selenskjy eng Live-Usprooch un Zéngdausenden Demonstranten a verschiddenen europäesche Stied gehalen. Doranner huet hien een dréngenden Appell fir weider Hëllefsefforte gemaach: “Wann d’Ukrain net standhält, wäert Europa och net standhalen. Wa mir falen, fält Europa.”

Den ukrainesche President huet d’Mënschen, déi sech ënnert anerem zu Frankfurt a Prag versammelt hunn, zu enger Gedenkminutt fir d’Affer vum Krich opgeruff. De President Selenskyj huet an de vergaangene Stonnen d’Nato iwwerdeems staark fir hir Decisioun kritiséiert, de Loftraum iwwert der Ukrain net ze spären. Domadder hätt d’Militärallianz “gréng Luucht fir weider Bombardementer vun ukrainesche Stied an Dierfer ginn.”

Entrevue tëscht NATO an EU zu Bréissel

“Militäresch gëtt et kee Wee, dass d’NATO an der Ukrain agräift”, huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn e Freideg Owend nach emol betount, nodeems zu Bréissel nees d’Ausseministere vun den NATO-Länner an d’EU-Ausseministere beienee souzen. Et hätt een eng Responsabilitéit géintiwwer der Ukrain a resignéiere wier dee falsche Message, esou den Ausseminister.

Et wier ee sech am Conseil eens gewiescht, d’Ukrain weider z’ënnerstëtze wéi et geet, mat awer enger Limitt, vun där de russesche President Putin och géing profitéieren, nämlech e militäreschen Agrëff an de Konflikt. Dat géing de Weltfridden nämlech däitlech a Fro stellen. Aus änleche Grënn wier och d’Fuerderung, déi notamment aus der Ukrain koum, fir de Loftraum iwwert dem Land ze spären, am NATO-Rot net zeréckbehale ginn.

Westlech Journalisten zéie sech aus Russland zeréck

Ëmmer méi Medienhaiser aus Europa an den USA senden net méi aus Russland. Ënnert anerem den US-Tëleessender CNN huet decidéiert hire Programm a Russland ze stoppen, genee wéi och d’Noriichtenagence Bloomberg. D’Ännerunge vum russesche Gesetz schéngen dorop ofzezielen, all onofhängege Journalist zu engem Kriminellen ze maachen huet de Chefredakter vu Bloomberg erkläert. Dat géif et onméiglech maachen, all Zort vun normalem Journalismus am Land weider ze féieren. Et ass a Russland elo méiglech, wéinst dem “Verbreede vu Falschinformatiounen” bis zu 15 Joer an de Prisong ze kommen.

E Freideg den Owend gouf ee Journalisten-Team vu Sky News zu Kiew ënnert de Beschoss vu russeschen Zaldoten. Si wiere vun automatesche Waffe getraff ginn, wieren awer duerch hir Schutzausrüstung ouni gréisser Blessure bliwwen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO