
Et hätt keng national Kris ginn, déi en Ausruffe vum Krichsrecht gerechtfäerdegt hätt, soten d’Riichter.
De Yoon hat am Dezember d’lescht Joer d’Krichsrecht a Südkorea ausgeruff an dat dermat begrënnt, dass d’Land vu kommunistesche Stréimungen ënnerwandert gi wier an dass d’Oppositioun staatsfeindlech géif handelen. Et war eng Mesure, déi staark kritiséiert gouf an hien dunn eben och d’Presidentemandat kascht huet.