No wochelaangem WidderstandDeposéierte südkoreanesche President Yoon Suk Yeol festgeholl

RTL Lëtzebuerg
A Südkorea gouf den deposéierte President Yoon Suk Yeol e Mëttwoch no wochelaangem hin an hier festgeholl.
Deposéierte südkoreanesche President Yoon Suk Yeol festgeholl
A Südkorea gouf den deposéierte President Yoon Suk Yeol e Mëttwoch no wochelaangem hin an hier festgeholl.

Zu der Festnam koum et a senger Residenz an de Bierger, wou hie sech zesumme mat enger klenger Privat-Arméi verbarrikadéiert hat an déi vun der Oppositioun als “Festung” bezeechent gouf. Wärend Woche konnt hien do senger Festnam entgoen.

Ugangs Dezember hat hie wéinst engem Budgets-Sträit mam Parlament fir e puer Stonnen d’Krichsrecht ausgeruff.
Dem Yoon gëtt dowéinst Rebellioun virgeworf. De fréiere Procureur, dee mat der konservativer People Power Party (PPP) 2022 un d’Muecht koum, kéint liewenslaange Prisong oder souguer d’Doudesstrof riskéieren, sollt hie schëlleg gesprach ginn.

Polizisten installéieren eng Leeder, fir iwwert eng
Polizisten installéieren eng Leeder, fir iwwert eng
© Yonhap/AFP/

Eng Festnam war den 3. Januar schonn emol probéiert ginn, ma war gescheitert. Dat huet a Südkorea Demonstratiounen esouwuel fir, wéi och géint den deposéierte President ausgeléist.

Dëse Mëttwoch hunn d’Ermëttler dem Yoon senge Garden allerdéngs en neien Uerder fir eng Festnam presentéiert. Fir dës ze realiséieren hunn d’Beamten awer ënner anerem fir d’éischt emol iwwer Busser klamme missen, déi als mobil Barrikaden agesat gi waren. No ronn fënnef Stonnen ass d’Festnam du schlussendlech gelongen.

De Yoon Suk Yeol bezweifelt zwar d’Legalitéit an d’Rechtméissegkeet vun den Ermëttlungen, sot awer, hie wéilt sech net widdersetzen, fir ze verhënneren, datt weider Blutt géif vergoss ginn.

Den deposéierte President Yoon Suk Yeol kënnt virum Gebai vun der Agence fir Korruptiounsermëttlung zu Seoul un.
Den deposéierte President Yoon Suk Yeol kënnt virum Gebai vun der Agence fir Korruptiounsermëttlung zu Seoul un.
© KOREA POOL/AFP/STR

Back to Top
CIM LOGO