Viru lafender KameraDesignéiert Vizepresidentin Kamala Harris huet sech impfe gelooss

RTL Lëtzebuerg
D'Demokratin krut en Dënschdeg déi éischt vun 2 Impfdosen am United Medical Center zu Washington gesprëtzt.

“Ech wëll jiddereen encouragéieren, sech impfen ze loossen”, sou d’Demokratin, déi mam Vaccin vu Moderna geimpft gouf. Virun 8 Deeg hat sech den Joe Biden live op der Tëlee impfe gelooss.

Ëmfroen no wier d’Impfskepsis bei den Afroamerikaner besonnesch héich. Ënnert anerem dowéinst huet d’Kamala Harris un d’Awunner appelléiert, wéi wichteg et wier, dem Vaccin net ze mësstrauen. Aus deem Grond dann och d’Propos, sech an der eegener Gemeng impfen ze loossen. Do, wou ee vun enger Persoun geimpft gëtt, déi een eventuell kennt.

D’Kamala Harris ass déi éischt weiblech an déi éischt afroamerikanesch US-Vizepresidentin, wa si den 20. Januar hiert Amt untrëtt.

Ronn 19,3 Millioune Mënschen hu sech zanter dem Ufank vun der Pandemie noweislech mam Coronavirus infizéiert, iwwer 335.000 Mënsche sinn un oder mam Virus gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO