No engem extreme SummerD'EU setzt op méi Preventioun

Annick Goerens
No engem Summer mat Bëschbränn, Dréchent an Hëtztwelle wëll d'EU sech besser op zukünfteg Katastrophe virbereeden.
40 Fligeren an 18 Buedem-Ekippe goufen iwwer den europäeschen Zivilschutzmechanismus dëse Summer mobiliséiert.
© PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP

Bëschbränn, Dréchent an Hëtztwelle maachen der EU ëmmer méi ze schafen. Bal 700.000 Hektar Land sinn dëst Joer schonn an Europa verbrannt. A 16 EU-Memberstaate läit déi verbrannte Fläch wäit iwwer dem nationale Joresduerchschnëtt. Och déi landwirtschaftlech Verloschter duerch de Klimawandel ginn an der EU op ronn 28,3 Milliarden Euro pro Joer geschat. Am EU-Parlament gouf en Dënschdeg de Moien driwwer debattéiert, wéi eng Konsequenzen een doraus fir d'Zukunft muss zéien.

EU-Parlament Debatten / Reportage: Annick Goerens

Méi Preventioun, amplaz just ze reagéieren

D'Europäesche Kommissärin fir humanitär Hëllef a Krisemanagement Hadja Lahbib, betount, Europa huet reagéiert, mee et brauch nach méi Preventioun.

"Mon objectif est d'avoir une réponse anticipée pour prévenir et avoir donc une approche qui permette d'éviter les incendies et non plus d'y répondre. [...] Maintenant il faut vraiment nous adapter avec des politiques sur le long terme, et c'est pourquoi nous travaillons pour l'instant à une stratégie avec les autres commissaires, parce qu'il s'agit d'inclure aussi de l'agriculture, la résilience de la nature, d'avoir une approche holistique qu'on vous présentera en automne."

Grouss europäesch Solidaritéit

40 Fligeren an 18 Buedem-Ekippe goufen iwwer den europäeschen Zivilschutzmechanismus dëse Summer mobiliséiert. 777 Pompjeeë aus 14 verschiddenen EU-Memberlänner goufen a besonnesch geféierlech Regioune geschéckt. A genee dës europäesch Zesummenaarbecht gouf am Parlament als Erfolleg ervirgehuewen. De Pascal Arimont vun der europäescher Vollekspartei EVP huet un d'Bränn a senger belscher Heemescht am Héiche Venn erënnert.

"Schlimmeres konnte verhindert werden. Warum? Weil europäesche Solidaritéit tatsächlech funktionéiert hat. Feuerwehren aus Deutschland, den Niederlanden, Luxemburg, waren sofort vor Ort und der europäesche Zivillschutzmechanismus hat wierklech funktionéiert."

Den Deputéierten erënnert awer och drun:

"Dieses Feuer wäre viel schlimmer gewesen, wenn nicht soviele Freiwillige da gewesen wären. Und da sprech ich von den Landwirten, vun den Lohnunternehmen, die das Wasser hin zu zum Brand gebracht haben. Wir müssen diese Leute in unsere Krisenpläne mit einplanen. Die sind da, die kommen sofort und die verhindern das Schlimmste. Und wir sollten sie nicht nur einplanen, wir sollten sie auch entschädigen."

Och déi fräiwëlleg Pompjeeën bräichten een europäeschen Statut.

Méi EU-Läsch-Capacitéiten, mee och méi "Made in EU"

D'Kommissioun investéiert och an weider europäesche Läsch-Capacitéiten. Haut stinn der EU 18 Fligeren a fënnef Helikopteren zur Verfügung. Zousätzlech si weider véier Fligeren an der Liwwerung, an och 12 Canadairen sinn geplangt. Nach eng Kéier d'Kommissärin Hadja Lahbib.

"Alors, produire des Canadaires en Europe, oui, j'en parle régulièrement. ll faut absolument que nos entreprises, nos forces économiques s'emparent de ce défi, en sachant qu'il ne s'agit pas là d'une seule réponse, c'est une réponse a posteriori. Et comme vous le savez, je suis commissaire à l'État de préparation."

Dobäi kënnt nach, dass tëscht 90 a 96 Prozent vun de Bränn op mënschlech Aktivitéiten zeréckzeféiere sinn. Dofir setzt d'EU nach méi staark op Preventioun bei de Bierger och do géing een nach eng Schëpp drop leeën. Detailer ginn et dann am Hierscht, sou nach d'Kommissärin. E Mëttwoch ass iwwerdeems d'Ried zur Lag vun der EU vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.

Liest och

Back to Top
CIM LOGO