
“D’Importquote wäerten net gläich bleiwen”, sot den EU-Agrarkommissär am Interview mat der AFP zu Bréissel. “Et wäerten der tatsächlech manner ginn”. Baueren an der EU hätte iwwert déi “onfair Konkurrenz” beschwéiert.
Fir Kiew am russeschen Ugrëffskrich z’ënnerstëtzen, hat d’EU 2022 decidéiert, der Ukrain keng Taxe méi op importéiert landwirtschaftlech Wuer ze berechnen. Wéi d’Baueren an der EU d’lescht Joer protestéiert hunn, sinn déi steierfräi Quantitéiten fir bestëmmte Produiten du gedeckelt ginn. A well d’Ofkommes elo am Juni ofleeft, mussen d’EU an d’Ukrain och an de kommende Wochen iwwer eng nei Reegelung verhandelen.
D’Ukrain wëll natierlech déi aktuell steierfräi Konditioune bäibehalen, ma virun allem am Handel mat Eeër a Gefligel wäert et zéi Diskussioune ginn. “D’Gespréicher wäerte séier geféiert musse ginn”, sou den Hansen weider. “Op der Säit vun der Europäescher Unioun ass ee bereet ze verhandelen an dat muss an den nächste Woche passéieren.”
Senger Usiicht no wier et “am beschten, wa mir e längerfristegt Ofkommes mat der Ukrain hätten, besonnesch mam Ugläiche vun de Produktiounsstandarden, wat den Asaz vu Pestizide betrëfft”.