
Aus den däitsche Medien ass et d'Nouvelle, datt den ëmstriddene Projet "Stuttgart 21", fir eng nei Gare an der Stad a Baden-Württemberg, op en Neits Retard kritt. Wéi d'Frankfurter Allgemeine Zeitung e Méindegmëtteg gemellt huet, soll den neien Datum fir d'Fäerdegstellung réischt Enn 2031 sinn. Och déi Gréng-Schwaarz Regierung a Baden-Württemberg géing net dovun ausgoen, datt d'Ouverture nach virun 2031 geschéie wäert.
Stuttgart 21 ass e grousse Projet, deen eng éischte Kéier schonn am Joer 1991 presentéiert gouf an zanter 2010 a Konstruktioun ass. D'Ouverture war ufanks fir 2019 geplangt, gouf am Verlaf awer ëmmer nees no hanne versat. Et gëtt geschat, datt d'Käschten, déi bei der Planung bei 2,6 Milliarden a bei Baustart bei 4,1 Milliarden Euro louchen, Stand Juni 2024 schonn op 11,4 Milliarden Euro solle geklomme sinn.
Kritik gouf et awer net nëmme wéinst den héije Käschten, och d'Struktur vun der neier Gare ass fir eng Partie net novollzéibar. Sou soll déi fréier Anlag, déi aus 17 iwwerierdesche Quaie bestanen huet, op aacht ënnerierdesch Quaie reduzéiert ginn. Kritiker fäerten dowéinst, datt dës nei Gare keng méi grouss Kapazitéit wäert hunn an och net méi pünktlech wäert si wéi virdrun. Gefaart gëtt souguer, datt d'Situatioun sech mat deem neie Projet verschlechtert.