
Den tierkesche President Erdogan hat am Januar d’Zentralbank dozou bruecht, d’Zënse vun 19 op 14% erofzesetzen, deemools gouf dat als onorthodox bezeechent. Hien hat verséchert, doduercher géing d’Inflatioun erofgoen, mä a Wierklechkeet huet dat dozou gefouert, datt déi tierkesch Lira an de Keller gaangen an d’Inflatioun nach méi eropgeschoss ass.