
D’Iwwerpréiwung wier nach net ofgeschloss, heescht et säitens engem Porte-Parole vun der MHRA. “Eis Prozedur fir d’Zouloossung vum Impfstoff soll sécherstellen, dass all Covid-19-Impfstoff déi erwaarten héich Standarden op Bezuch op Sécherheet, Qualitéit a Wierksamkeet erfëllt”, heescht et weider. Kuerz virdrun hat den Daily Telegraph sech nach op den Datum vum 28. oder 29. Dezember fir eng Zouloossung bezunn.
D’EU huet schonn 100 Milliounen esou Vaccine bei Astrazeneca bestallt.
Anescht wéi d’Impfstoffer vu Biontech/Pfizer oder Moderna, gehéiert den Astrazeneca-Impfstoff, deen zesumme mat der Oxford-Universitéit entwéckelt gouf, net zu de sougenannten mRNA-Impfstoffer.
De villverspriechende Wierkstoff AZD1222 baséiert op eng ofgeschwächte Versioun vun engem Erkältungsvirus, dee bei Schimpanse fonnt gëtt. Hei gëtt et e genetescht Material vun engem Protein, mat deem sech de Sars-CoV-2-Virus un déi mënschlech Zellen undockt.
D’Mëttel selwer wierkt duebel: Et soll souwuel spezifesch Antikierper wéi och T-Zelle fërderen, béid Elementer déi wichteg fir de Schutz vum Immunsystem sinn.