Éischte Kéier zanter NominatiounD'Kamala Harris huet op CNN en TV-Interview ginn

RTL Lëtzebuerg
Et war den éischte groussen TV-Interview zanter hirer Nominatioun als Presidentschaftskandidatin fir d’Demokraten.
© AFP

D’Kamala Harris war eng hallef Stonn laang Invitée op CNN, an huet do d’Erfolleger vun der Regierung vum Joe Biden ervirgehuewen, an hir eege Pläng erkläert, sollt si am November gewielt ginn. Virun allem déi amerikanesch Mëttelschicht soll ënnert hir als Presidentin nees gestäerkt ginn.

Dernieft huet si sech awer och fir méi streng Mesurë géint déi illegal Awanderung ausgeschwat, géint e Verbuet vum Gas-Fracking, a si wéilt d’Land unifiéieren, dofir kéint si sech esouguer e Republikaner an hirer Ministesch-Ekipp duerchaus virstellen.

Back to Top
CIM LOGO