
Et sinn déi nei an héich ustiechend Mutatiounen, déi d’Kanzlerin alarméieren. Dat huet de Porte-Parole vun der däitscher Regierung, de Stefan Seiber elo confirméiert. D’Angela Merkel gesäit dofir schonn nächsten Dënschdeg d’Ministerpresidenten an net eréischt de 25. Januar. Da soll iwwer däitlech méi streng Reegelen diskutéiert ginn.
Rieds goung a verschiddene Medien de Moien och, dass géing geplangt ginn, fir den ëffentlechen Transport ze stoppen. Nach wär dat awer net decidéiert. Aktuell gëllt den däitsche Lockdown bis Enn Januar. Et wier awer warscheinlech, datt bis an de Februar verlängert gëtt, well d’Zuel vun den Neiinfektioune weider héich ass.