D’Kontroll iwwert den Donbass ass déi éischt Prioritéit vum Kreml, dat huet e Sonndeg de russeschen Ausseminister Sergei Lawrow nach eemol an engem Interview betount. Spekulatiounen a Rumeuren, déi géifen zirkuléieren, dass de russesche President Vladimir Putin krank wier, huet de Chefdiplomat dementéiert.
De russesche Militär gewënnt däitlech un Terrain am Donbass. D’Artillerie wier mëttlerweil an de Viruerter vu Severodonetsk ukomm, der gréisster Stad am Donbass, déi nach ënner ukrainescher Kontroll ass. Déi regional Autoritéite melle schwéier arméiert Ausenanersetzungen. Méi wéi zwee Drëttel vun de Gebaier vun der Stad wieren zerstéiert.
E Méindeg ass déi nei franséisch Ausseministesch Catherine Colonna an d’Ukrain gereest, fir déi franséisch Solidaritéit mat der Natioun an dem Vollek zum Ausdrock ze bréngen an dem Land weider Ënnerstëtzung zouzesoen. Grad deen Dag ass en 32 Joer jonke franséische Journalist baussent Severodonetsk ëm d’Liewe komm. De Frédéric Leclerc-Imhoff gouf an engem gepanzerte Gefier vu Spläiter getraff, wéi e wollt Evakuatiounen aus der Stad dokumentéieren.
De Kalush Orchestra iwwerdeems, déi ukrainesch Formatioun, déi um Eurovision Song Contest dëse Mount e Präis konnt mat heem huelen, huet se mëttlerweil versteet. Den Equivalent vun 838.000 Euro ass zesumme komm. De Mikro aus Kristall goung iwwer Facebook an d’Stee, mam Zil, den Erléis bäizesteieren, fir Dronen ze kafen, fir esou den ukrainesche Militär z’ënnerstëtzen an hirem Effort d’Heemecht ze verdeedegen. Op der ukrainescher Wonschlëscht ass virop d’Bayraktar TB2, déi an der Tierkei gebaut gëtt an déi tëscht enger an zwou Milliounen US-Dollar d’Stéck kascht.