NeiséilandD'Ofdreiwungsgesetz soll manner streng ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi neiséilännesch Regierung huet annoncéiert, dass d'Gesetz rondrëm d'Ofdreiwung geännert soll ginn.

Den Donneschdeg gëtt am Parlament de Plang virgestallt, dass d’Prozedur als e Choix vun der Fra an net méi als Verbriechen traitéiert soll ginn. Dat proposéiert Gesetz soll et der Fra also erlaben, bis an déi zwanzegst Woch d’Schwangerschaft ofzebriechen. Ausserdeem gëtt dat neit Gesetz fir, sougenannten “safe zones” anzeféieren. Dat heescht, 150 Meter rondrëm Ofdreiwungsklinike solle keng Protestante manifestéieren duerfen.

Am Moment kann eng Fra awer nëmmen ofdreiwen, wann zwee Dokteren den Accord ginn, dass d’Schwangerschaft eng Gefor fir hir mental oder physesch Gesondheet wier.

De Justizminister Andrew Little seet, Ofdreiwung wier deen eenzege medizineschen Agrëff, deen illegal ass, an dat misst sech änneren. Eng sécher Ofdreiwung sollt als eng reguléiert Prozedur traitéiert ginn an d’Fra sollt d’Recht hunn, decidéieren ze kënnen, wat mat hirem Kierper geschitt.

Back to Top
CIM LOGO