
Den US-President Donald Trump stellt sech op Truth Social als President vu Venezuela duer. An engem Post op senger Plattform Truth Social huet den Trump e Screenshot am Stil vum Online-Lexikon Wikipedia gedeelt, wou steet, datt hien den “amtéierende President vu Venezuela” wier. Direkt drënner gëtt awer korrekt ergänzt, datt hien och de 45. a 47. President vun den USA ass.