
Venezuela: 30 bis 50 Millioune Barrel
D’USA an d’Iwwergangsregierung a Venezuela hunn e grousse Pëtrolsdeal decidéiert. Amerika soll bis zu 50 Millioune Barrel geliwwert kréien, déi dann zum Marchéspräis solle verkaaf ginn. Den Trump selwer wäert d’Recetten iwwerwaachen, fir datt d’Suen de Mënschen am Venezuela an an den USA zegutt kommen. Dat huet den amerikanesch President op de soziale Medien annoncéiert.
D’USA analyséieren da weider eng Rei Optiounen, fir Grönland ënnert hir Kontroll ze kréien, dorënner jo och e Militärasaz. Esou heescht et aus dem Wäissen Haus. Et wier wichteg, fir déi national Sécherheet vun Amerika betount den US-President jo ëmmer nees. Méi friddlech Téin komme vum US-Ausseminister Rubio. An enger Sëtzung mat Deputéierten hätt hie gesot: Keng Invasioun, mä Grönland kafe wier d’Zil. Dat mellt de Wall Street Journal. Grönland gëtt jo vun enger autonomer Regierung gefouert, gehéiert awer offiziell zu Dänemark. Wat, grad wéi aner europäesch Staten, skandaliséiert ass vun den Aussoe vu Washington.