Expert Prof. Dr. Fischer am RTL-InterviewEntféierung vu Maduro: Eng "fatal" Aktioun mat geopolitesche Konsequenzen

David Winter
D'Lag a Venezuela ass oniwwersiichtlech, d'Land ass am Schockzoustand. De Fokus vun der Weltcommunautéit läit am Moment op béiden amerikanesche Kontinenter. De Prof. Klemens Fischer vun der Universitéit Köln probéiert am RTL-Interview eng Iwwersiicht ze ginn.
© DECCIO SERRANO/NurPhoto via AFP

E vëlkerrechtlechen a geopoliteschen Desaster

D’Militäraktioun a Venezuela, mat der Entféierung vum President Nicolás Maduro a senger Fra Cilia Flores huet zwee grouss Felder ugeschwat: Op der enger Säit d’Vëlkerrecht, op der anerer Säit dat geopolitescht Feld. Wat déi rechtlech Fro betrëfft, konstatéiert de Prof. Dr. Klemens Fischer, dass d’USA mat dëser Aktioun ganz kloer géint d’Vëlkerrecht verstoussen:

“Die Entführung eines Staatsoberhauptes ist der Eingriff in die Souveränität eines anderen Staates und auch gegen das Gewaltverbot. Auf der anderen Seite aber ist es ganz groß von geopolitischer Bedeutung, denn die USA haben sich damit eindeutig im Süden ihres Landes, in der Karibik, mal richtig schön breit gemacht und sie zeigen, dass sie im Hinterhof der USA nicht zulassen, dass jemand gegen ihren Willen regiert und auch gegen ihren Willen Politik betreibt. Und das hat klarerweise Auswirkungen, nicht auf die Karibik, sondern auf viele andere Staaten, die ebenfalls, wie zum Beispill Kuba oder wie auch Kolumbien, aber auch China, nicht die Politik der USA unterstützen oder in diese parallel mitfahren.”

Interview mam Prof. Dr. Klemens Fischer vun der Universitéit Köln
En Agrëff an d’Souveränitéit vum Land.

Déi US-amerikanesch “Welt-Police”, mä mat engem Twist

D’USA als Welt-Police - eng Charakteristik, déi d’USA u sech an de leschte Joren ëmmer méi ofgeluecht hunn. An och den US-President Donald Trump hat an sech am Walkampf versprach, dass d’USA keng Welt-Police méi wéilte sinn, an och net méi solle sinn.

Dës sougenannte “World police” ass jo u sech eng geopolitesch Haltung vun den USA gewiescht, beispillsweis wärend der Regierungsphas vum George W. Bush no 9/11, déi Interventiounen aner Länner virgesäit, ma awer als Zil hunn, fir d’Lag vun der Weltpolitik generell fir jiddereen ze verbesseren. Hei ass et awer eng aner Approche, sou den Expert Klemens Fischer:

“Eigentlich ist dies keine Polizei-Aktion gewesen, die für die Weltgemeinschaft etwas Positives bringt, sondern es war nur im Interesse der USA. Damit ist Trump zwar seinem Wahlversprechen treu geblieben, aber er interveniert in einem dritten Staat und das hat er eigentlich ausgeschlossen. Die USA betreiben damit wieder ‘Kanonenbootpolitik’, so wie eigentlich unter Theodore Roosevelt, aber nicht dem zweiten Theodore Roosevelt im Zweiten Weltkrieg, sondern eher dem, der Ende des 19. Jahrhunderts, anfang des 20. Jahrhunderts regiert hat, wo er eben auch in Mexiko interveniert ist beispielsweise und dann auch in Kuba. Das ist wirklich ein Rückschritt und das hat es in den letzen 50 Jahren weltweit nicht gegeben, dass ein Staatsopberhaupt entführt wurde.”

Interview mam Prof. Dr. Klemens Fischer vun der Universitéit Köln
D’USA als Welt-Police, wéi a fréieren Zäiten.

Wann een d’Biller vun der Entféierung vum President Maduro gesäit, freet ee sech, wéi d’Militär vun engem Land, och wann et d’USA sinn, “einfach esou” an en anert Land eragoe kann, an de Staatschef an deem seng Fra wuertwiertlech kidnappe kann. Och wann d’Aktioun séier un an aus war, ass et dann awer net sou einfach gewiescht an d’USA hätten hei och net vun engem Moment op deen anere reagéiert:

“Eine Aktion wie die Entführung von Maduro ist monatelang geplant und das umfasst Bodensstreitkräfte, Luftstreitkräfte und natürlich auch die Marine. Und die Delta Force, die 1977 gegründet worden ist, ist vermutlich die schlagkräftigste Armee-Einheit der Welt, die so einen Auftrag durchführen kann. In diesem Fall wurde ja die venezuelanische Luftwaffe nahezu am Boden zerstört, durch amerikanesche Kampfflugzeuge. Die Marine ist vor der Küste aufgefahren und hat da Blockade gemacht. Und die Delta Force wurde eingeflogen und hat chirurgisch sauber gearbeitet, natürlich auch wie man weiß mittlerweile, durch Maulwürfe. Im engsten Umfeld von Maduro bekam man Zugang zu seinem Presidentenpalast, der eigentlich sehr stark bewacht ist, hat mit dem Bewachern um Maduro, seiner Leibgarde, kurzen Prozess gemacht und ihn und seine Frau entführt. Das Ganze dauert nicht all zu lange. Das sind vielleicht 10, 15 Minuten, die wirklich eine Kampfphase darstellen.”

Interview mam Prof. Dr. Klemens Fischer vun der Universitéit Köln
D’Entféierung war eng am Virfeld genee duerchgeplangten Aktioun.

Den Expert vun der Universitéit Köln ënnersträicht, dass d’Entféierung vum venezuelanesche President zwar “chirurgesch propper gemaach” a militäresch “bewonnerenswäert” ëmgesat gouf, ma betount awer, dass déi geopolitesch Suitte “fatal” wieren. D’USA géifen nämlech domadder weisen, dass si sech iwwert all Recht ewechsetzen, “a wien am Wee steet, gëtt erausgeholl”.

Wéi ass d’Situatioun am Land a wéi geet et weider?

D’Situatioun a Venezuela, no der Attack, no der Entféierung an nom Schock, ass villen Experten no eng ganz komplizéiert an oniwwersiichtlech, dat gesäit och de Klemens Fischer sou:

“Wir hören praktisch nichts von der Opposition und selbst Trump hat ja mitgeteilt, dass Machado, die Friedensnobelpreisträgerin, die ja eigentlich die Speerspitze der Oppositioun ist, in seinen Augen nicht regierungsfähig ist. Aber auch im Landesinneren hört man nichts von der Opposition. Die Regierungspartei der Chavisten, die jetzt die stellvertretende Presidentin einsetzen hat lassen, die halten sich eigentlech auch relativ ruhig. Das heißt, derzeit wartet man offenbar ab, wie die USA weiter reagéieren. Und es gibt ja Angebote von den USA an diese Regierung, dass man mit ihr kooperieren kann, wenn sie halt dem Willen der USA entspricht. Da kommt noch eines dazu: die Stellvertreterin von Maduro ist jetzt nicht die neue Presidentin, sondern sie verwaltet das Presidentenamt, denn laut Oberstem Staatsgericht ist Maduro zur Zeit körperlich nicht in der Lage und abwesend und daher kann er das Amt nicht ausüben, aber er ist weiter Präsident, ansonsten hätte man innerhalb von 13 Tagen Wahlen ausrufen müssen in Venezuela.”

Interview mam Prof. Dr. Klemens Fischer vun der Universitéit Köln
Wéi geet et a Venezuela weider? Wat mécht d’Oppositioun am Land?

De Prozess vum Maduro zu New York, dee sech jo ausschliisslech ëm Drogekriminalitéit am Land dréit, muss dem Klemens Fischer no dann ofgekoppelt gi vun deem, wéi et a Venezuela selwer weider geet. Et ass nämlech bekannt, dass Prozesser vun esou enger Envergure an den USA relativ laang dauere kënnen. Sou laang wäert een net a Venezuela waarden an och d’USA wäerte wuel vill éischter schonn ufänken, mam Land zesummen eng nei Regierung op d’Been ze stellen. De Prozess selwer wäert zwar interessant ginn, virun allem, wat d’Strategie vun der Defense vum Maduro betrëfft, ma am Land selwer misst een awer onofhängeg vum Prozess weider maachen, sou de Klemens Fischer.

Et misst een, dem Expert no, relativ séier decidéieren, op een “mat den USA ënnert der Decken” kooperéiert, well der Populatioun a Venezuela kéint een esou e Virgoe warscheinlech net 1:1 sou presentéieren. A da misst awer och e Biergerkrich an eng weider Attack säitens den USA an den nächste Woche verhënnert ginn.

Ëmmer nees huet den Donald Trump betount, dass Venezuela elo “vu baussen” gefouert a kontrolléiert géif ginn. Wéi dat awer konkret soll ausgesinn, dorobber hat och de Klemens Fischer am RTL-Interview keng genee Äntwert. Wat awer sécher schéngt, ass dass d’USA mol an enger éischter Phas weider Drock ausübe wäerten:

“Das heißt, man wird nicht direkt eine Marionetten-Regierung einführen können und das weiß die USA, dass das derzeit nicht geht. Man wird sich wohl eher darauf verlassen, dass die Chavisten-Regierung die im Amt ist mit den USA kooperiert. Und das ist schon eigentlich der Punkt der Trump anstrebt: Gar nicht selber hineingehen aber eine willfährige Regierung und damit wäre die natürlich im Sinne der USA von außen regiert und geführt.”

Interview mam Prof. Dr. Klemens Fischer vun der Universitéit Köln
D’USA hoffen, dass d’Chaviste-Regierung a Venezuela mam Trump kooperéiert.

D’Epstein-Files bleiwe weider en Thema

D’Entféierung vum Maduro kënnt natierlech grad elo zu engem gënschtegen Zäitpunkt fir den US-President, dat mat Bléck op d’Publikatioun vun den Epstein-Files, déi den Donald Trump jo massiv ënner Drock setzen.

Ze denken, dass dat awer, niewent der Drogekriminalitéit, den eenzege Grond war, am Venezuela zouzeschloen, wier naiv. Ënnert anerem sinn d’US-Spiounen, déi jo an enker Relatioune mat der Maduro-Regierung stinn, Gefor gelaf, opzefléien. Ma och d’Fro vum Pëtrol am Land ass e wirtschaftlech wichtege Facteur fir d’USA.

“Aber die Epstein-Files sind natürlich im Hintergrund immer vorhanden und Trump wird immer eine Möglichkeit suchen müssen, um von diesen Files abzulenken. Aber so viele Regierungchefs wie Maduro kann er gar nicht entführen, dass er völlig von den Epstein-Files ablenken wird, das heißt die werden immer wieder hochkochen und sie werden immer wieder Schwierigkeiten bereiten. Aber jetzt einmal ist die Lufthoheit der Deutung eindeutig bei Trump. Jetzt werden wir sehen ob Trump nach dieser Schlacht auch den Krieg gewinnen kann, das heißt, dass die Situation in Venezuela sich im Sinne der USA entwickeln wird.”

Interview mam Prof. Dr. Klemens Fischer vun der Universitéit Köln
D’Epstein-Files bleiwen ëmmer nach Thema an den USA.

Back to Top
CIM LOGO