USADonald Trump huet Amtsiwwergab an d'Weeër geleet

RTL Lëtzebuerg
Den Nach-US-President Trump huet der Ekipp vu sengem designéierten Successeur Joe Biden, elo awer Accès ginn zu de Regierungsinfrastrukturen.
© RTL-Grafik

D’Passation des pouvoirs an den USA ka preparéiert ginn. 3 Wochen no de Walen huet den Nach-President Donald Trump säin Team opgeruff mam Joe Bidden ze kooperéieren, refuséiert awer nach ëmmer seng Waldefaite ze acceptéieren. Iwwerdeems ginn et ëmmer méi Detailer zu der zukünfteger Ekipp ronderëm den designéierten Successeur Joe Biden.

Passation Trump/Biden - De Reportage vum Claudia Kollwelter

Den Donald Trump hält u sengem Discours fest a schreift weider op Twitter d’Victoire wier him duerch massive Walbedruch geklaut ginn. Iwwer 30 Kloen vu sengen Affekoten goufen allerdéngs vu Geriichter ofgewisen.
De Kampf geet weider an ech gleewen, datt mer gewannen, twittert de Republikaner. An awer géif een dem Joe Biden an senger Equip Accès zu de Regierungs-Infrastrukturen ginn.

Eng Decisioun déi bei fillen fir Erliichterung suergt, och beim fréieren Sécherheetsberoder vum Trump, dem H.R McMaster.

En Dënschdeg am Laf vum Dag wäert den Demokrat Joe Bidden en Deel vu senger Regierungsequipe offiziell bekannt ginn. Gewosst ass schonn, datt den Antony Blinken neien Ausseminister soll ginn - hien huet ënnert dem Barack Obama am nationalen Sécherheetsrot geschafft.

De fréieren Ausseminister, den John Kerry soll iwwerdeems Spezial-Beoptragten fir Klimafroen am Wäissen Haus ginn. En Zeechen dofir, datt dem Biden seng Administratioun de Sujet erëm méi an de Virdergrond wëll stellen.

Finanzministesch soll d’Janet Yellen ginn, fréier Cheffin vun der Federal Reserve Bank. Déi éischt Finanzministesch an der Geschicht vun den USA - an och beim Geheimdéngscht soll eng Fra d’Rudder iwwerhuelen - Direktesch soll d’Juristin Avril Haines ginn.

Dem Biden seng Ekippen hunn elo ënnert anerem Zougrëff op 6,3 Milliounen Dollar, déi virgesi sinn, fir datt d’Passatioun ouni Problem ka verlafen. Donieft dierfen d’Mataarbechter vun elo un offiziell mat Regierungsbeamten kommunizéieren.
Neie President vun den USA ass vum 20. Januar un den Demokrat Joe Biden.

Schlësselposten am Wäissen Haus: Dat hei kéint dem Joe Biden säin Team an der Regierung ginn

Nei Websäit vum Joe Biden

Kuerz no der Annonce vun der Amtsiwwergab gouf dem Joe Biden seng nei Websäit fräigeschalt. Do stellt hie sech an d’Kamala Harris net just als “gewielte President” a “gewielte Vizepresidentin” mat hirem Programm an de versprachene Moossname fir den “Dag 1" vir, hie gëtt och d’Méiglechkeet, online als Mataarbechter fir déi nei Regierung ze postuléieren.

De groussen Ënnerscheed zu der fréierer Websäit sinn 3 Buschtawen: D’URL hält mat “gov” op. Dat ass domat eng offiziell US-Regierungswebsäit.

Back to Top
CIM LOGO