Manipulatioun vu WalresultatDonald Trump setzt Walbeoptraagte vun Georgia per Telefon ënner Drock

RTL Lëtzebuerg
Wärend enger Stonn soll den Trump e Parteikolleeg bedrängt an opgefuerdert hunn, Stëmmen ze "fannen", déi géinge feelen. Rieds geet vun 11.780 Stëmmen.
© RTL-Grafik

Dat geet aus engem Mediebericht vun der “Washington Post” ervir. An engem Telefonsgespréich mam Staatssekretär Brad Raffensperger huet hien de Walbeoptraagte vun Georgia opgefuerdert, genuch Stëmmen ze “fannen” an d’Resultat nach emol auszerechnen.

Wann de Raffensperger net géint de “Walbedruch” géing virgoen, géing hien e “grousse Risiko” agoen a sech strofbar maachen, huet den aktuellen US-President him gedreet. Den Donald Trump soll wärend dem Gespréich ëmmer nees betount hunn, dass hien d’Wal gewonnen hätt an et net fair wier, hinnen d’Victoire einfach esou z’entzéien. Deem entgéint huet de Raffensperger geäntwert: “Mir mussen zu eisen Zuele stoen. Mir mengen, eis Zuele stëmmen”.

Am Internet huet d’Zeitung “Washington Post” Deeler vum Gespréich verëffentlecht, dat e Samschdeg tëscht béide Männer stattfonnt huet. Donieft steet am Artikel ze liesen, wéi “verzweiwelt” den US-President wéinst senger Néierlag wier an nach ëmmer mengt, hie kéint d’Resultat an e puer Bundesstaaten nodréiglech änneren an esou eng 2. Amtszäit als President untrieden.

Den Joe Biden huet bei de Presidentielle mat engem Virsprong vun ëm 12.000 Stëmmen am Bundesstaat Georgia gewonnen. Obwuel d’Stëmmen 2 Mol nogezielt goufen, zweiwelt de Republikaner nach ëmmer um Resultat a schwätzt vu Walbedruch.

Den 20. Januar soll den Joe Biden als President vun de Vereenegte Staate vereedegt ginn. Bis ewell huet den Donald Trump refuséiert, dem Demokrat seng Victoire unzëerkennen.

Back to Top
CIM LOGO