
Den aktuell 78 Joer alen Donald Trump trëtt déi drëtte Kéier um Stéck bei den US-Presidentewalen un.
An engem Interview mat der Sinclair Media Group huet den Trump gesot, datt hien net méi géif untrieden, sollt hien dëst Joer géint d’Vizepresidentin Kamala Harris verléieren. “Nee. Ech wäert net. Ech mengen... dat wäert et sinn”, huet den Trump op d’Fro vun engem méigleche véierte Versuch geäntwert. Den Ex-US-President hofft awer, “datt mir ganz vill Succès wäerten hunn”.
Sollt den Donald Trump d’Presidentielle gewannen, wäert hie souwisou net méi untrieden, well d’US-Gesetz gesäit just maximal zou Presidencë vun enger Persoun vir.
Dës Aussoe vum Trump, datt hie sech mat enger méiglecher Néierlag auserneesetzt, sinn u sech zimmlech nei. Well bis ewell huet hie just ganz seelen iwwert eng méiglech Defaite géint d’Harris geschwat. An dësem Interview ass et awer schonn déi zweete Kéier zanter véier Deeg, datt esou eng Ausso vum Trump koum, schreift d’BBC. Virdrun hat hien op enger Konferenz vun israeeleschen Amerikaner driwwer geschwat, wou den Trump déi jüddesch Communautéit wollt opruffen, fir hien ze stëmmen.
A rezenten nationalen Ëmfroen, wéi bei där vun der BBC, läit d’Kamala Harris mat 52 op 48 Prozent virum Donald Trump. An de wichtege Battleground States, also do, wou sech d’Wal kéint decidéieren, huet d’Harris eng Avance vun 2 Prozent, 51 op 49.