Coronavirus aus chineseschem Labo?Donald Trump wëll Beweiser gesinn hunn

RTL Lëtzebuerg
Den amerikanesche President hätt Beweiser gesinn, dass de Coronavirus duerch Zoufall vun engem Mataarbechter an engem Labo zu Wuhan a China fräigesat gouf.

Dat sot den Donald Trump en Donneschdeg den Owend viru Journalisten. Et wär him awer net erlaabt, fir Detailer ze nennen.
Den Institut fir Virologie zu Wuhan huet d’Reprochë vum amerikaneschen President ewell zeréckgewisen. An souguer den Coordinteur vum amerikaneschen Gehéimdengscht Richard Grenell hat en Donneschdeg nach erkläert, dass d’Gehéimdéngschter, wéi déi meescht Wëssenschaftler iwwregens, dovun ausginn, dass et sech beim Coronavirus ëm een natierlechen Erreeger handelt an net ëm een – vum Mënsch manipuléierten- agent pathogène.

Back to Top
CIM LOGO