
Zanter Enn August soll de Mann schonn an akuter Gefor gewiescht sinn. Eng Rei Haiser, an deenen hie reegelméisseg war, wieren der Police no an der Lescht beschoss ginn. Déi éischt Kéier war e Méifamilljenhaus am Quartier Ostheim betraff, op dat am August aus enger vollautomatescher Waff soll geschoss gi sinn. Do soll de Mann wuel méi dacks gewiescht sinn. Déi zweet Kéier war op seng Wunneng zu Hürth geschoss ginn.
Mëtt September da war eng schaarf Handgranat ënnert engem ausgebrannten Auto zu Ostheim fonnt ginn, déi nach sur place huet misse gesprengt ginn. Och dëse Fall steet am Zesummenhang mam Doudesaffer, deen den Ermëttler no Zil vun den Attacke war. De Parquet geet dovun aus, et en “däitleche Bezuch zum Rocker-Milieu” géing ginn. D’Hannergrënn wieren awer nach onkloer.
Auditioune vum Mann hätten ausserdeem keng Informatioune geliwwert. Zwar hätt et doropshi Schutzmesure bei senge Wunn- an Openthaltsuerter ginn, säi Standuert hätt hien en Dënschdeg am Nomëtteg awer selwer an de sozialen Netzwierker gedeelt.
Den 32 Joer ale Mann war en Dënschdeg virun engem Fitnessstudio am Quartier Kalk vun engem onbekannten Täter erschoss ginn, wéi hien Zeien no an en Auto klamme wollt. Hie gouf liewensgeféierlech blesséiert an ass méi spéit am Spidol gestuerwen.
Den donkel gekleeten a vermummten Täter war mat engem E-Scooter geflücht. D’Police gouf vun Awunner wéinst Schëss geruff. Eng Mordkommissioun huet Ermëttlungen opgeholl. Der Obduktioun no ass de Mann duerch e Schoss an de Bauch gestuerwen.