Neijoerschusprooch vum Angela Merkel"D'Pandemie ass eng Joerhonnertaufgab"

RTL Lëtzebuerg
An hirer Ried huet d'Bundeskanzlerin e Réckbléck op d'Joer 2020 gemaach, dat virun allem duerch de Coronavirus gepräägt gouf.

Hir Usprooch huet d’Angela Merkel mat de Wierder “Wat fir ee Joer läit hannert eis!” ugefaangen. E Joer, an deem sech an der Welt sou munches verännert huet. D’Pandemie huet sech op sämtlech Beräicher vum alldeegleche Liewen ausgewierkt, ob elo d’Beruffswelt, Fräizäit, Kultur, Sport oder dat soziaalt a familiäert Liewen. De Coronavirus huet d’Mënschen do getraff, “wou mir am allermënschlechste sinn: am enke Kontakt, an der Ëmaarmung, am Gespréich, beim Feieren.”

Et war eng schwéier Zäit fir d’Däitschland an dat wäert nach eng Weil esou weidergoen, huet d’Bundeskanzlerin betount. 2020 wier eng “ekonomesch Joerhonnertaufgab”, sou d’Wierder vun der CDU-Politikerin. D’Corona-Kris wier eng “historesch Kris, déi jidderengem vill, ma verschiddenen ze vill zougemutt hätt”. An awer bléckt si positiv an d’Zukunft.

Virun allem de Corona-Vaccin ass en Hoffnungsschimmer dëser Deeg. Net just an Däitschland, mä och an anere Länner gouf d’Impfcampagne lancéiert, eng Partie Leit aus dem Gesondheetswiese goufe scho geimpft. Och si wäert sech impfe loossen, huet d’Angela Merkel an hirer Neijoerschusprooch annoncéiert.

Nieft der Wichtegkeet vum Impfstoff huet d’Bundeskanzlerin de Fokus och op de Mond- an Nueseschutz geluecht an de Bierger a Biergerinnen dobausse Merci gesot, dass sech déi meeschte géinge ganz disziplinéiert un d’Maskeflicht halen. Domat géing sech weisen, wéi mënschefrëndlech d’Gesellschaft dach wier, well ee Récksiicht op seng Matbierger hëlt. Verurteelt huet d’Merkel awer déijéineg, déi Verschwierungstheorië verbreeden an d’Pandemie als “net wouer oder ongeféierlech” duerstellen.

Um leschten Dag vum Joer 2020 huet d’Merkel d’Leit dobaussen nach opgeruff, deenen ze gedenken, déi un de Suitte vun hirer Corona-Infektioun gestuerwe sinn. Et dierf een als Gesellschaft net vergiessen, dass vill Mënschen eng Persoun verluer hunn dëst Joer, sou d’Politikerin.

Hir Ried ass mat engem ganz perséinleche Message op en Enn gaangen, well et déi leschte Kéier ass, dass si sech als Bundeskanzlerin un d’Bierger a Biergerinnen an enger Neijoerschusprooch geriicht huet. “Ech denken, ech iwwerdreiwen net, wann ech soen: Ni an de leschte 15 Joer hate mir dat aalt Joer als esou schwéier empfonnt - an nach ni hu mir trotz ville Suergen a Skepsis mat esou vill Hoffnung op dat neit Joer gewaart”.

Back to Top
CIM LOGO