Am Kanton WallisDräi Doudeger bei Accident mat Fliger an der Schwäiz

AFP, iwwersat vun RTL
D'Maschinn ass aus bis ewell ongekläerte Grënn mam nërdlechen Hang vum Gebitt Fluhalp bei Leukerbad kollidéiert.
No 34 Joer si bei Saas-Grund d'Iwwerreschter vun 2 belschen Alpiniste gebuerge ginn
Dëst ass eng Foto vum Saas-Grund am Kanton Wallis. Dëst ass eng Archiv-Foto an net déi genee Plaz, vum Accident.
© WITT PIERRE/Hemis via AFP

Am Kanton Wallis an der Schwäiz ass en Dënschdeg am Nomëtteg e klenge Fliger accidentéiert. Déi dräi Persounen, déi am Fliger waren, sinn ëm d'Liewe komm.

D'Maschinn ass aus bis ewell ongekläerte Grënn mam nërdlechen Hang vum Gebitt Fluhalp bei Leukerbad kollidéiert, esou d'Kantonspolice e Mëttwoch. D'Identifizéierung vun den Affer ass offiziellen Informatiounen no nach net ofgeschloss. Fir de Grond vum Ongléck erauszefannen, hunn d'Autoritéiten eng Enquête ageleet.

Déi kleng Maschinn vum Typ Cirrus SR22T ass den Autoritéiten no zu Lugano gestart an ass zu Sitten tëschegelant. Dono ass de Fliger a Richtung Fluchplaz Buochs gestart, deen am Kanton Nidwalden läit. Op dëser Streck ass et zu dësem Accident du komm.

Back to Top
CIM LOGO