Post-Covid-SyndromD’Rätsel vum "laange Covid"

Petz Bartz
Vill Corona-Patiente weltwäit gëllen als geheelt. Si goufen no hirem Traitement negativ getest a konnten heem goen. Ma vill vun hinne sinn nawell krank.
null
Vill Corona-Patiente weltwäit gëllen als geheelt. Si goufen no hirem Traitement negativ getest a konnten heem goen. Ma vill vun hinne sinn haut nawell krank.

Den Diagnostik schwätzt an deem Fall, ganz dacks vun engem sougenannte “laange Covid”. Iwwert deen ass den Ament awer nach ganz wéineg gewosst.

Mir sinn zu Suresnes, westlech vu Paräis. Déi gebierteg Kanadierin Helen Sideropoulos lieft zanter 30 Joer a Frankräich. A puncto Coronavirus ass si déi eng op fënnef. Bis zu 20% vun de fréiere Covid-19-Patiente leiden um sougenannte “Post-Covid-Syndrom”, enger verlängerter Form vun der Krankheet, déi medezinesch zu enger neier Erausfuerderung ginn ass.

“Ech war net op der Intensivstatioun. Ech war net intubéiert an net an engem kënschtleche Koma. Ech war just eng Woch am Spidol. An elo, Méint duerno, kann ech nach ëmmer net schaffen an et ass dat wat ech am Léifste géif maachen. Vun ons gëtt net geschwat.”

Offiziell Zuele vu Post-Covid-Syndrom-Patienten a Frankräich ginn et net. A Groussbritannie sinn der 60.000 bekannt. Global héichgerechent kéim een domadder op 10 Milliounen.

“Wéi ech Covid hat, waren déi schwéierst Symptomer Féiwer an Houscht, staark Péng op der Broscht a Kappwéi. Haut, wat bliwwen ass – an elo si mer Dezember, Méint méi spéit – ech hunn nach ëmmer schrecklech Kappwéi. 4 bis 5 Deeg op 7, fir 6 bis 8 Stonnen. Bal de ganzen Dag an ech huele vill Medikamenter géint d’Péng.”

D’Patientin vergësst Wierder. Normal Wierder aus dem Alldag. Zanter si virun 9 Méint Covid hat, huet si elo Krämpes duerch och nëmmen eng Säit an engem Buch ze kommen. A fir d’Wëssenschaft ass et nach e Virus mat 7 Sigelen. Déi Dysfonctionnementer am Kierper gi medezinesch nach net verstanen. Den Ament ass d’Euphorie weltwäit grouss wéinst de Vaccinen, mee ofgesi vun den Doudesfäll, kënnt dee Serum an deen d’Hoffnung gesat gëtt, och fir vill anerer, vill ze spéit.

Back to Top
CIM LOGO