US-Walen: 5. Etapp: Arizona – PhoenixDuechter vu Lëtzebuerger Immigrant wielt elo den Donald Trump

Annick Goerens
D’Georgette Folmer-Rath wunnt zu Phoenix am Arizona. Si ass d'Duechter vun Immigranten. De Papp vu Lëtzebuerg, d'Mamm aus Japan.

Zanter dass si wiele konnt, huet si den Demokraten hir Stëmm ginn. Déi Kéier wielt si fir den Donald Trump. Wéi kann et sinn, dass eng Duechter vun Immigranten, eng Biergerrechtsaktivistin, elo fir e Mann stëmmt, deen demokratesch Institutiounen an der Vergaangenheet mat Féiss getrëppelt huet? D’Annick Goerens mat den Detailer

D’Biden-Harris Administration hat 4 Joer Zäit fir positiv Verännerungen an dësem Land ze maachen an huet et net gemaach. Net punkto Inflatioun, net punkto Educatioun, net punkto Immigratioun, erkläert mer d’Georgette Folmer-Rath. Si ass pro Immigratioun, mee just LEGAL Immigratioun.

“Wat de Bierger hei [am Arizona, e Grenzstaat mat Mexiko, ndlr.] wierklech Angscht mécht, ass dass mer vill Leit hunn, déi ni iwwerpréift goufen. Si sinn illegal hei an suergen dofir dass d’Kriminalitéit hei am Staat an d’Luucht geet. An kënnen sech en plus net selwer finanzéieren.”

Vill Amerikaner fillen sech ongerecht behandelt. D’Immigranten kréien - an hiren An - méi Hëllef wéi d’Bierger vum Land déi hiert Liewen laang Steieren bezuelt hunn. D’Georgette nennt eis e puer Beispiller

“Hei ginn et Senioren, déi mussen mat engem fixen Akommes liewen, déi meescht dovunner mat just 1300 Dollar de Mount. Wougéint illegal Migranten gratis Logement, gratis Iessen, gratis Educatioun, gratis Gesondheetsversuergung. A si kréien souguer tëscht 2000-4000 Dollar de Mount derbäi. An dat sinn och Steiersuen. [...] Kuck wat an North Carolina geschitt mam Hurrikan- DO liewen vill Leit nach ëmmer an Zelter. Si hätten missen mobil Haiser do opstellen. Dës Regierung mécht net ganz vill fir eise Leit ze hëllefen.”

D’Inflatioun ass eng weider grouss Suerg déi d’Amerikaner bis weit an déi gehuewen Mëttelschicht eran belaascht. Donieft huet d’Georgette och e Problem mat der Vize-Presidentin, grad am Verglach mam Donald Trump.

“Den wierklech richtege Problem mam Kamala Harris ass, dass si ni iwwer hir politesch Iddien kommunizéiert huet. [...] Den Trump huet sécher vill Feeler, mee op d’mannst huet hien ganz spezifesch Iddien fir verschidden Verännerungen unzestriewen. An dat ass wichteg. Wanns de mat de Leit dobaussen schwätz, kann däin Argument dach net just stinn “den Trump ass schlecht” an Ofdreiwung. Du muss dach verschidden wirtschaftlech Proposen op den Dësch kënne leeën, déi d’Leit positiv wäerten impaktéieren.”

Fir d’Georgette Folmer-Rath ass et extrem frustréierend, dass si sech muss entscheeden tëscht Pech a Schwiefel. Si wënscht sech méi Kandidaten, méi Parteien, mat méi verschiddene Vue’en. Hir Vue’en wieren net extrem lénks oder riets, mee an der Mëtt an déi wier schlecht vertrueden.

Back to Top
CIM LOGO