PortugalDuerch brittesch Mutatioun steet Gesondheetssystem viru Kollaps

Christophe Hochard
D'Autoritéiten hunn dowéinst um Dënschdeg annoncéiert, datt een al an ausrangéiert Spideeler nees wéilt opmaachen.
Corona a Portugal
D’Spideeler an d’Personal sinn un hir Limitten an déi nei Mutatioun aus Groussbritannien kënnt ëmmer méi op.

Portugal ass ee Land, wat mat Lëtzebuerg enk verbonnen ass. Den Ament awer huet d’Land am Weste vun Europa mat déi héchsten Doudeg- an Inflatiounstauxen weltwäit. D’Zuele sinn an der Lescht rasant geklommen, och duerch déi brittesch Mutatioun sinn d’Klinicke komplett iwwerfëllt.

Déi portugisesch Communautéit, mat engen 100.000 Leit, mécht bei eis am Land praktesch ee Sechstel vun der Populatioun aus. Vill Leit hu Famill dohannen a maache sech Suergen och iwwer zoue Grenzen.

Ënnert hinnen och den Antonio Marques. De gebiertege Portugis kritt Tréinen an d’Aen, wann hien u säin Heemechtsland denkt. Wat sech aktuell am Portugal a Saache Covid-19 deet, wär fuerchtbar.

Zu Reiland an der Gemeng Hiefenech wunnt den Antonio Marques. Zanter 32 Joer lieft de Mann mat senger Famill zu Lëtzebuerg. An der Géigend vu Porto huet hien nach Famill a Frënn. Wärend de leschte Feierdeeg war hien och do ënnen.

Ronn 732.000 Covid-19 Infektioune ginn et am Portugal. Iwwer 13.'000 Mënsche sinn duerch oder mam Virus gestuerwen. Elleng e Méindeg goufen 275 Doudesfäll gezielt.

Bis de 14. Februar gëllt elo mol den Etat de crise a Portugal. Do dernieft ass d’Land an engem haarde Lockdown. Reesen ass net erlaabt an d’Grenz zu Spuenien gouf zougemaach. D’Luxair flitt den Ament awer nach e puer Mol d’Woch dorower.

Extrait Gilles Feith

D’Situatioun an de portugisesche Spideeler ass dramatesch. Et feelt geschwënn un Intensivbetter, Sauerstoffmaschinnen an d’Personal an de Spideeler ass um Enn. Lëtzebuerg ass awer bereet ze hëllefen. Vill vun de Portugisen hei am Land hoffen, dass hir Landsleit geschwënn nees besser Zäiten erliewe wäerten.

Back to Top
CIM LOGO