
Eng ukrainesch Propositioun vun engem direkten Treffen tëscht den 2 Presidente Selenskyj a Putin gouf vu Moskau nees refuséiert, mam Argument, dass en Entworf vun engem méigleche Friddensvertrag nach vill méi detailléiert misst ausgeschafft ginn.
Déi ukrainesch Autoritéite gleewen iwwerdeems net un d’Annonce, dass Russland sech méi aus dem Beräich ronderëm Kiew wäert zeréckzéien. Dat wéilt ee fir d’éischt gesinn, sot de President Selenskyj an effektiv sinn d’Bombardementer an der Nuecht op en Donneschdeg och weidergaangen.
Eng Waffepaus wäert um Donneschdeg de Moien awer zu Mariupol a Kraaft trieden. Vun 10 Auer u sollen Zivilisten d’Méiglechkeet kréien, déi komplett zerstéiert Stad ze verloossen.
D’Flüchtlingswierk vun der UNO an d’Croix Rouge sollen déi Flucht och observéieren a begleeden, heescht et vu Russland.
D’russesch Truppe géife sech aus der Zon ronderëm d’Ruine vun der Atomzentral zu Tschernobyl zeréckzéien. Dat mellt den US-amerikanesche Verdeedegungsministère.
D’amerikanesch a brittesch Geheimdéngschter ginn dovun aus, dass de russesche President Putin net richteg iwwert de Krichsverlaf informéiert gëtt. Seng Beroder hätten Angscht him d’Wourecht ze soen.
D’Spriecherin vum Wäissen Haus Kate Bedingfield huet matgedeelt, dass de Putin net wéisst, wéi schlecht d’russescht Militär géif agéieren a wéi staark d’Wirtschaft a sengem Land duerch d’Sanktioune geläämt géif ginn.
Si géif déi Geheimdéngscht-Informatioune verëffentlechen, well se zum Gesamtbild vun der Situatioun géife bäidroen, grad ewéi zum Verständnis, dass d’Attack e strategesche Feeler vu Russland war.