Gréng Luucht vun der FDAD'US-Medikamentenagence léisst de Corona-Impfstoff vu Pfizer a Biontech zou

RTL Lëtzebuerg
Dat an enger Noutfall-Geneemegung, wéi d'Chef-Wëssenschaftlerin vun der FDA Denise Hinton dem US-Konzern Pfizer an engem Bréif matgedeelt huet.

Am November haten déi zwou Entreprisen zesummen eng entspriechend Demande fir hire gemeinsame Vaccin bei der FDA eraginn.

Den US-President Donald Trump huet annoncéiert, déi éischt Impfunge géifen a manner ewéi 24 Stonnen gemaach ginn. Op Twitter huet den Trump gesot, dass d’Liwwerung vum Vaccin an all Bundesstaat an Bezierk schonn am Gaangen wär.

Den Donald Trump presentéiert dës Autorisatioun elo als Succès vu senger Regierung. D’USA wären dat éischt Land vun der Welt, datt e wierksamen a sécheren Vaccin géif produzéieren. Dat stëmmt awer net.

Dëse Vaccin gëtt net an den USA hiergestallt an a verschiddenen Länner schonn agesat. Dat Wäisst Haus soll den Chef vun der Medikamentenagence FDA den Stephen Hahn massiv ënner Drock gesat hunn.

Wéi d’Washington Post schreift, hätt de Chef de Cabinet vum Trump Mark Meadows den Hahn um Freideg opgefuerdert, sech eng aner Plaz ze sichen, wann en den Vaccin net géif nach um Dag selwer zouloossen.

Den FDA-Chef selwer huet dësem Artikel widdersprach an an engem Statement matgedeelt, d’Agence wär nëmmen encouragéiert ginn, d’Demande vun Pfizer a Biontech séier ze traitéieren. Der New York Times no hätt d’Zouloossung souwisou een Dag méi spéit solle realiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO