Ëmmer méi DoudesafferD'Zuel vun den Doudegen nom Biewen a Kolumbien klëmmt op 132

RTL Lëtzebuerg
D'Biewen ass e Méindeg de Moien um kuerz no hallwer 8 lassgaangen, den Epizentrum gouf am Weste vum Land, an der Gemeng San José del Palmar am Departement Chocó lokaliséiert.
© JAIME SALDARRIAGA/AFP

Nom schwéieren Äerdbiewen a Kolumbien ass d'Zuel vun den Doudesaffer nees geklommen. Op d'mannst 132 Mënsche si beim Biewen ëm d'Liewe komm, sou en Dënschdeg Asocapitales, eng Vereenegung déi d'Hëllefsmesuren nom Biewen a Kolumbien koordinéiert. Iwwer 570 Blesséierter goufe bis ewell gemellt. Rettungsekippe sichen an der Tëschenzäit ëmmer nach no Iwwerliewenden.

D'Zuel vun den Doudegen nom Biewen a Kolumbien klëmmt op 132
Besonnesch betraff war den Departement Risaralda mat der Haaptstad Pereira am Weste vum Land, eng Regioun déi bei Touriste beléift ass.

D'Biewen ass e Méindeg de Moien um kuerz no hallwer 8 lassgaangen, den Epizentrum gouf am Weste vum Land, an der Gemeng San José del Palmar am Departement Chocó lokaliséiert, enger relativ aarmer Regioun un der Pazifik-Küst. De kolumbianesche Staatschef Abelardo de la Espriella schwätzt iwwerdeems vun dausende beschiedegten oder zerstéierten Haiser a Gebaier an der Regioun an huet de Katastrophefall ausgeruff.

Besonnesch betraff war den Departement Risaralda mat der Haaptstad Pereira am Weste vum Land, eng Regioun déi bei Touriste beléift ass a virun allem duerch den Ubau vu Kaffi bekannt ass. Den Autoritéiten no goufen et hei Dosenden Doudeger. Vill Doudesaffer gouf et och am Departamento Valle del Cauca mat der Regionalhaaptstad Cali, der drëttgréisster Stad am Land. Och d'Stad Manizales, eng weider Kaffe-Regioun, gouf ganz uerg getraff.

Back to Top
CIM LOGO